Actualités

Pedagogesch Skills-Projeten am Kader vun der Initiative 'WorldSkills'

''
17/06/2026

Am Kader vun der 'WorldSkills Europe General Assembly' (09.-12. Juni 2026) war eng Delegatioun vum SCRIPT d’lescht Woch zu Helsinki.

Zesumme mam Service vun der Beruffsausbildung stellt de SCRIPT d’Delegéiert, déi am Numm vu 'WorldSkills Luxembourg', Lëtzebuerg an den Educatiounsministère an deem Netzwierk vertrieden.

D’nächst Joer steet fir Lëtzebuerg e grousse Rendez-Vous um Programm. Lëtzebuerg ass nämlech, zesumme mat Däitschland, Co-Organisateur vun den 'EuroSkills27' zu Düsseldorf.

Vu datt den Haaptevent an Däitschland wäert stattfannen, dréit Lëtzebuerg op ënnerschiddleche Manéieren zum Gelénge vum Event bäi. An deem Kontext huet de SCRIPT virun zwee Joer d’Mandat kritt, fir pedagogesch Projete ronderëm d’Skills auszeschaffen.

Elo hat de SCRIPT am Kader vun der jährlecher Assemblée Générale d’Méiglechkeet fir déi ënnerschiddlech Projeten ze presentéieren. D’Initiativë goufe vun den anere 'WorldSkills'-Länner ganz positiv opgeholl an et gouf nogefrot, fir déi eng oder aner Kollaboratioun ze starten.

Contact