< retour
De SCRIPT produzéiert eng Video-Serie mam Zil, Enseignanten/Enseignanteën an Educateure/Educatricë fir d'Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) ze sensibiliséieren.
Dës Videoe liwweren net nëmmen en Iwwerbléck iwwer Ziler, Inhalter a spezifesch Léiermethode vun der BNE, zu all Clip gëtt et och eng Lëscht mat Recommandatiounen zu Fachliteratur, Léiermaterial an themegebonnene Weiderbildungen.
Nodeems de SCRIPT en éischte méi allgemenge Video 'BNE – Bildung fir nohalteg Entwécklung: Verstoen, Verantwortung iwwerhuelen, Zukunft gestalten' erausbruecht huet, huet en sech an engem zweete Clip op ee spezifesche Beräich vun der BNE, d'politesch Bildung, konzentréiert. Elo koum den drëtte Video vun der Serie 'Klimabildung: Klimawandel verstoen, Resilienz stäerken, handelen' eraus. Kuckt Iech de Video hei un a loosst Iech inspiréieren.
Verpasst och net eis nächst Videoen zur Outdoor and Environmental Education an dem Sustainable Entrepreneurship!
Weider Informatioune fannt Dir op www.bne.lu.