Actualités

3. Editioun vum Echange-Dag vun der Sektioun P

''
10/07/2026

Den Echange-Dag vun der Sektioun P gouf den 2. Juli 2026 organiséiert. Dat Besonnescht dorun: Fir déi éischte Kéier ware Schülerinnen a Schüler dobäi, déi als éischte Joergang d’Sektioun P bis op d’1re duerchlaf an hir Ofschlossexame gepackt hunn. Si haten domat d’Geleeënheet, hir Erfarunge mat de méi jonke Joergäng ze deelen. 

Wéi schonn an de leschte Joren hunn d'Schülerinnen an d' Schüler vun den dräi Lycéeën, déi d'Sektioun P fir de Moment ubidden, sech a gemëschte Gruppen iwwer hir Erfarungen an der Sektioun P ausgetosch. Am Mëttelpunkt stoungen dobäi virun allem d'Spezialisatiounsfächer, den Iwwergang tëscht den eenzelne Klassen, souwéi d'Virbereedung op d'1re. Nieft ville positive Réckmeldungen hunn d'Participanten och konstruktiv Virschléi a kritesch Bemierkunge gemaach, wéi den Unterrecht, d'Organisatioun an d'Begleedung vun der Sektioun nach weider verbessert kéinte ginn. 

Gläichzäiteg huet den Echange-Dag de méi jonke Schülerinnen a Schüler d'Méiglechkeet ginn, vun den Erfarunge vun den eelere Joergäng ze profitéieren, hinne Froen ze stellen a sech op déi nächst Etappe vun hirem Schoulwee virzebereeden. Déi oppen an engagéiert Gespréicher hunn och dëst Joer  wäertvoll Impulser fir d'Weiderentwécklung vun der Sektioun P geliwwert a gewisen, wéi wichteg den direkten Austausch tëscht Schülerinnen a Schüler, Enseignanteën an Enseignanten an dem SCRIPT ass. 

Contact