Actualités

Réckbléck op d’Journées du livre et du droit d’auteur 2026

''
24/08/2026

Ronn 55 Schoulen – Grondschoulen, Antennen vum Centre pour le développement intellectuel (CDI),  a Lycéeën – haten sech beim SCRIPT ugemellt, fir bei de 'Journées du livre et du droit d’auteur' vum 20. bis de 24. Abrëll 2026 matzemaachen.

D’Theema 'Liesen a Liewen am Däischteren' ass bei de Kanner an hiren Enseignantë/Enseignanteë besonnesch gutt ukomm. Sachbicher, Billerbicher an erzielend Geschichten hunn et erméiglecht, d’Däischtert aus villen ënnerschiddleche Perspektiven z'entdecken.

D’Schoulen hunn d’Theema mat vill Fantasie a Kreativitéit opgegraff. D’Kanner hunn diskutéiert, Geschichte geschriwwen, gebastelt an experimentéiert. Et goufe Bicher gekuckt, Geschichten erzielt, virgelies oder nogespillt. Verschidde Klassen hu Schattentheater gespillt, Parcoursen am Däischteren opgebaut, mat Täscheluuchten experimentéiert oder ganz Raim an der Schoul verdonkelt fir d’Liewen am Däischteren hautno z’erliewen. 

Op ville Plaze goufen doriwwer eraus Liesnuechten organiséiert, bei deenen an enger ganz eegener Atmosphär d’Kanner Geschichten op eng aner Aart erliewe konnten. Dës Momenter hu gewisen, datt d’Däischtert net nëmmen Theema vun engem Buch ka sinn, mee och e ganz besonnesche Kader fir d’Liese selwer schafe kann.

 

Déi verschidde Facettë vum Theema 'Liesen a Liewen am Däischteren'

D’Entdecke vu Welten an der Däischtert hu vill Enseignanten/Enseignanteën a Kanner begeeschtert. Mat Bicher wéi 'Unter der Erde – Tief im Wasser' oder 'Tief im Ozean' sinn d’Kanner an déi faszinant Liewensraim ënnert dem Buedem oder an d’Déifte vum Mier agedaucht. Si hunn dobäi entdeckt, wéi Mënschen, Déieren a Planzen sech un dëst aussergewéinlecht Ëmfeld ugepasst hunn.

Och Beruffer, déi an der Nuecht oder am Däischteren ausgeüübt ginn, waren a méi Schoulen e beléift Theema. Bicher wéi 'Durch die ganze Nacht' oder 'De Kabutz' hunn de Kanner Ablécker an den Alldag vu Biergaarbechter/Biergaarbechterinnen, Bäcker/Bäckerinnen, Infirmieren/Infirmièren  oder Rettungsdéngschter vermëttelt.

En aneren Aspekt vum Theema war d’Angscht virum Däischteren oder d’Faszinatioun fir dat Geheimnisvollt. Geschichte wéi 'Dunkel', 'Dans le noir de l’ascenseur' oder 'Le lapin, la nuit et la boîte à biscuits' hunn dozou motivéiert, iwwer Courage, Fantasie an den Ëmgang mat eegenen Ängschten nozedenken. Vill Kanner hunn sech an de Personnagen erëmfonnt, déi am Däischteren Abenteuer erliewen a sech neien Erausfuerderunge stellen.

Den Intressi war och grouss wat d’Liewe vun den Déieren an der Nuecht ugeet. Mat Bicher wéi 'Was schleicht durch die Nacht?' oder 'Comment dorment les animaux' hunn sech d’Kanner op d'Spuere vun Eilen, Fliedermais an aneren Nuetsdéieren gemaach. Si hunn entdeckt, datt d’Nuecht net roueg an eidel ass, mee voller Liewen an Aktivitéit.

D’Theema gouf och am iwwerdroene Sënn behandelt. Unhand vu sougenannte banned books an Titele wéi 'Amy und die geheime Bibliothek' hunn d’Kanner entdeckt, datt de fräien Zougang zu Bicher a Wëssen net iwwerall op der Welt selbstverständlech ass. Dat huet vill Gespréicher iwwer Meenungsfräiheet, Demokratie an d’Bedeitung vum Liese mat sech bruecht.

 

De SCRIPT seet alle Schoulen e ganz häerzleche Merci fir hiert Engagement, hir Kreativitéit an déi vill originell Iddien, mat deenen si d’Theema 'Liesen a Liewen am Däischteren' mat Liewe gefëllt hunn.

Contact