Actualités

BNE Awards

''
21/09/2026

Am Schouljoer 2026-2027 dréien sech d’'BNE Awards' ganz ronderëm d’Thema 'Responsible consumption and production' (Sustainable Development Goal 12 vun de Vereenten Natiounen).

Bei dësem Concours kënne Jonker tëschent 6 a 25 Joer hir kreativ Projeten an d‘Ëffentlechkeet bréngen an dobäi flott Präisser an Auszeechnunge gewannen.

D’Deadline fir sech anzeschreiwen ass den 23. Oktober 2026. Déi fäerdeg Projete musse bis spéitstens de 24. Abrëll 2027 eragereecht ginn. D'Präisiwwerreechung an de verschiddenen Alterskategorie fënnt den 19. an 20. Mee 2027 am Forum Geesseknäppchen statt. Nieft den attraktive Präisser fir d'Gewënner (Ausflich, Aktivitéiten, asw.) kréien all d‘Participanten e Certificat, en digitale Badge an eng kleng Iwwerraschung.

D’Jury evaluéiert d'Projeten op Basis vun hirer Kandidatur an engem Presentatiounsvideo no follgende Krittäre: Impakt op d'Ëmwelt, Innovatioun, Realisatioun, Laangliewegkeet, Participatioun vun de Jonken a Sensibiliséierung a Mobiliséierung vun der Gemeinschaft.

Weider Informatiounen iwwert d’'BNE Awards' ginn et op www.bne.lu.

Fichiers à télécharger

Contact