Actualités

ChmenKi! - Atelier pédagogique 2026-2027

''
17/09/2026

All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn. Dat steet am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun. D’Schoul spillt hei eng entscheedend Roll, well si d’Méiglechkeet bitt, Kanner fréi a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren.

Fir dat z’erméiglechen, huet de SCRIPT 2022 de Präventiounsprojet 'ChmenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!' entwéckelt. No enger Pilotphase mat 14 Klassen (am Juli an Oktober 2022), ass de Projet offiziell lancéiert ginn. Bis elo hunn 145 Klassen (ëm déi 2.300 Schülerinnen a Schüler) aus de Cyclen 2 bis 4 vun den Ateliere profitéiert.

6 Grondprinzippien:

  1. Mäi Kierper gehéiert mir.
  2. Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
  3. Ech vertraue menge Gefiller.
  4. Ech däerf Nee soen.
  5. Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
  6. Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.

 

Oflaf an Dauer vum Atelier

Dës Prinzippie ginn duerch Aarbechtsblieder, Lidder an Theateraktivitéiten thematiséiert. Den Atelier gëtt zesumme mam Enseignant oder der Enseignante ofgehalen a dauert:

  • bis zu 2h30 fir de Cycle 2
  • bis zu 3h30 fir d’Cyclen 3 a 4

D’Eltere kréien am Viraus en Informatiounsbréif.

 

Pedagogescht Material

  • En Dossier pédagogique mat 24 Aktivitéiten (Cycle 2 a Cyclen 3–4) begleet de Projet, en ass iwwert de Catalogue : Matériel didactique 2026/2027 bestellbar.
  • Fir de Cycle 3 gëtt et zousätzlech d’Geschicht 'A wien ass dann hei de Chef?', op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.
  • D’Material ass och digital um Internetsite heydoo.lu ënnert dësem Link ze kréien.

 

Inscriptiounen 2026-2027

Vun der Rentrée 2026-2027 u ginn d’Atelieren erëm een- bis zweemol d’Woch an de Cyclen 2 bis 4 ofgehalen.

Fir eng Visitt z’organiséiere kann een sech vum 15. September 2026 un iwwert den Extraklass umellen an sech ënnert dësem Link en Datum eraussichen.

Prioritéit hunn déi Klassen, déi bis elo nach net deelgeholl hunn.

 

IFEN-Formatiounen 2026-2027

  • 10. Dezember 2026 (Walfer, 14h00–17h00)
  • 18. Februar 2027 (Walfer, 14h00–17h00)
  • 20. Mee 2027 (Walfer, 14h00–17h00)

Méi Detailer iwwert d'Formatioun an d'Umeldung ginn et ënnert dësem Link.

Fir weider Informatiounen zum Projet: mary.faltz@men.lu.

Contact