< retour
Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass eng Grondlag fir eng gerecht Gesellschaft. Mat 'EQUALL – Alles sinn, alles ginn' gëtt dëst Thema fréi an d’Schoul gedroen.
De Projet kann am Enseignement fondamental agesat ginn, fir:
D’Zil: D’Kanner solle gesinn, datt all Kand alles ka ginn – onofhängeg vum Geschlecht.
Vun der Rentrée 2026–2027 u ginn d’Atelieren een- bis zweemol d’Woch mëttes an de Cyclen 2–4 ofgehalen.
Fir eng Visitt z’organiséiere kann een sech vum 15. September 2026 un iwwert den Extraklass umellen an sech ënnert dësem Link en Datum eraussichen. Prioritéit hunn déi Klassen, déi bis elo nach net deelgeholl hunn.
D’Léierpersonal kann den EQUALL Quiz mat de Schülerinnen a Schüler maachen, éier d’SCRIPT Mataarbechterin an d’Klass kënnt.
Fir méi Informatiounen: mary.faltz@men.lu.