Actualités

extraklass.lu: nei Plattform fir pedagogesch Offeren

''
21/09/2026

Mat 'Extraklass' steet zënter dem 15. September 2026 eng nei Plattform fir pedagogesch Offeren zu Lëtzebuerg zur Verfügung.

D'Initiativ, déi vum SCRIPT koordinéiert gëtt, vereent Projeten aus de verschiddenste Beräicher op enger zentraler Plaz a vereinfacht den Zougang zu pädagogeschen Aktivitéite fir Kanner a Jonker.

Beim Start zielt d'Plattform méi wéi 100 validéiert Partner an iwwer 250 pedagogesch Offeren, déi sech u Grondschoulen, Lycéeën an Acteuren aus der non-formaler Bildung riichten. D'Offeren decken néng Theemeberäicher of a fërderen d'Entwécklung vu Kompetenzen am Aklang mat den nationale Léierpläng an dem Cadre de référence national.

'Extraklass' vereent zousätzlech Offeren aus etabléierte Plattformen a Programmer wéi kulturama.lu, beweegung.lu, liesen.lu, kodeieren.lu, entrepreneurship.lu, levelup.lu an eduact.lu. Doduerch kréien d'Benotzerinnen a Benotzer eng ëmfaassend Iwwersiicht iwwer pedagogesch Aktivitéiten zu Lëtzebuerg.

Nieft der Recherche no passenden Aktivitéiten erlaabt d'Plattform och eng direkt Online-Buchung. Mat engem perséinleche Benotzerkont kënnen Aktivitéiten entdeckt, reservéiert a verwalt ginn. All Offer an all Partner goufen am Virfeld vum SCRIPT gepréift a validéiert, fir eng héich Qualitéit an Transparenz ze garantéieren.

Zousätzlech informéiert e Schwaarzt Briet iwwer aktuell Ausschreiwungen, Opruffer an Evenementer a mécht op nei Opportunitéiten am Beräich vun der formaler an non-formaler Bildung opmierksam.

Weider Informatiounen an déi ganz Offer fannt Dir op www.extraklass.lu.

Fichiers à télécharger

Contact