Actualités

Plan d’études: Déi nei Plattform ass elo fir de Grand Public accessibel

''
15/09/2026

Déi digital Plattform www.plandetudes.lu geet an eng nei Etapp: No der éischter Phas fir d'Léierpersonal ass d'Plattform vun elo un och fir de Grand Public accessibel. Jiddereen huet elo d'Méiglechkeet, sech en detailléierten Abléck an den neie Léierplang vum Enseignement Fondamental ze verschafen.

 Fir d'Schouljoer 2026/2027 gëtt dëse Léierplang fir d'éischt just an de Cyclen 1 an 2 ëmgesat. Eréischt ab der Rentrée 2027/2028 gëllt en och fir d'Cyclen 3 a 4.

Wat ass op dëser d'Plattform ze fannen?

Op der Plattform fannt Dir déi sechs Entwécklungs- a Léierberäicher, d'Niveaux socle an d'Niveaux avancés vun de verschiddene Cyclë souwéi déi transversal Themefelder an engem modernen, digitalen Ëmfeld.

Wéi e Contenu gëtt et fir d'Léierpersonal?

Nieft dësen Informatioune bitt d'Plattform dem Léierpersonal iwwert den IAM-Login eng Rei vu prakteschen an didaktesche Ressourcen. Dozou gehéieren ënner anerem:

  • Referenzinhalter zum Léierplang
  • Aufgaben- a Praxisbeispiller
  • Pedagogesch an didaktesch Impulser
  • Hëllefsmëttel fir d'Ëmsetzung am Unterrecht

D'Zil vu plandetudes.lu ass et, de Léierplang als interaktiivt, transparent a praxisbezunnt Instrument zougänglech ze maachen. D'Plattform ënnerstëtzt d'Léierpersonal bei der Planung an Ëmsetzung vum Unterrecht a bitt gläichzäiteg dem Grand Public e besseren Abléck an d'Orientatiounen an d'Entwécklung vun der Schoul.

Mir invitéieren Iech, déi nei Plattform ze entdecken an d'Inhalter kennenzeléieren.

Mir freeën eis iwwer Äre Feedback!

Contact