eamesBot / Shutterstock.com

Moderniséierung vun de Programmer am ES

Eng éischte Kéier am Koalitiounsaccord 2023-2028 ugekënnegt, dunn méi konkret fir d’Rentrée 2025-2026 vum Educatiounsminister Claude Meisch opgegraff, gouf am Januar 2026 de Consultatiounsprozess fir d’Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire (ES) lancéiert.

Ufank 2026 huet dunn de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, de Collège des Directeurs de l’Enseignement secondaire (CoDir ES) d’Strategie fir d’Ausschaffe vun engem Whitepaper fir den ES presentéiert. Ëm déi Zäit kruten och d’Programmkommissiounen aus dem ES (CNES) de Projet virgestallt.

De Projet fänkt mat enger breed lancéierter Consultatiounsphas un, fir déi grouss Linnen an Tendenzen erauszefilteren, déi den zukënftege curriculare Kader an d’Programmer vum Enseignement secondaire solle prägen.

D’Resultater vun de Consultatioune fléissen an e Whitepaper an, deen am Oktober 2028 soll publizéiert ginn. An dësem Whitepaper ginn engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festgehalen, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten an zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn. Ënnert anerem sollen d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert (kritescht Denken, Kreativitéit, Kommunikatioun a Kollaboratioun) gefërdert, d’Léier- an Evaluatiounsmethoden erneiert, an d’Programmer vum Enseignement secondaire mat Hibléck op den neie Plan d’études vum Enseignement fondamental ugepasst ginn.

 

De Consultatiounsprozess (2026-2028)

De Consultatiounsprozess leeft als éischt Etapp vum Projet bis 2028. Mëttels verschiddene Formater wäert mat den ënnerschiddlechen Acteuren a Partie Prenanten zu enger Rei Theeme geschwat ginn, ënner anerem am Kader vu CoLabs (Collaborative Labs).

Dës CoLabs riichten sech – jee no Theema – un d’edukatiivt, d’psychosoziaalt an d’administratiivt Personal aus dem Enseignement secondaire, de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental. Virun all CoLab gi Sondagen zum selwechten Theema verschéckt. Mat dëse Sondagen, déi als Virbereedung op dat jeeweilegt Theema déngen, kënnen och all déijéineg deelhuelen, déi op den Datumer vun de Presenzveranstaltungenverhënnert sinn.

D’Aschreiwunge fir d’CoLabs lafe gewéinlech iwwer den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) a gi per Mail un de Public cible verschéckt. Och um www.curriculum.lu sinn d’Aschreiwungsméiglechkeeten ze fannen.

En Iwwerbléck vun de groussen Eventer (Haapt-Zilgrupp: Léierpersonal)

  • 10. Mäerz 2026: CoLab 1 'Profil vum Jonken 2040'
  • 28. Abrëll 2026: CoLab 2 'Transversalitéit'
  • 8. Oktober 2026: CoLab 3 'PISA 2025'
  • 24. November 2026: CoLab 4 'Sproochen, Méisproochegkeet a Chancëgerechtegkeet am Schoulparcours'
  • 26. Januar 2027: CoLab 5 'Pedagogie & Evaluatioun'
  • 11. Mäerz 2027: CoLab 6 'Digitalitéit & Kënschtlech Intelligenz'
  • 29. Abrëll 2027: Conférence intermédiaire (Tëschestand)
  • 29. Juni 2027: CoLab 7 'Gouvernance & Pilotage vun der Curriculumentwécklung'
  • Oktober-November 2027 (à confirmer): CoLab 8 'Autonomie professionnelle'
  • Weider Eventer sinn à définir

Niewent dëse grousse CoLabs ginn och méi kleng Entrevuen a sougenannte Focus Labs mat spezifesche Partie Prenanten gemaach. Esou huet beispillsweis am Juni 2026 ee Focus Lab mat de CNES an am Januar 2027 ee Focus Lab mam CoDir ES stattfonnt.

D’Rapporten zu dësen Eventer kënnt Dir ëmmer e puer Wochen drop hei noliesen.

 

Wat geschitt nom Consultatiounsprozess? (2028+)

Am Fréijoer a Summer 2028 ginn d’Aussoe vun de Consultatiounen analyséiert a synthetiséiert, a wichteg Erkenntnisser aus der Wëssenschaft zesummegedroen. D’Haapterkenntnisser aus dem Consultatiounsprozess an déi grouss Leitlinne fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer vum Enseignement secondaire ginn an engem Whitepaper festgehalen, deen am Oktober 2028 publizéiert gëtt.

De curriculare Kader an d’Programmer ginn dono op Basis vun deem, wat vun der Regierung 2028-2032 festgehale gëtt, adaptéiert an erneiert. Weider Aarbechten, ewéi d’Elaboréiere vun enger optiméierter digitaler Plattform ronderëm d’Programmer vum Enseignement secondaire, kommen dobäi. Wéi laang genau dës Phas ab 2029+ dauert, muss nach festgehale ginn.

 

Weider Informatiounen

Haalt Iech op www.curriculum.lu ëmmer um Lafenden. Hei kënnt Dir Iech och op d’Newsletter vum Projet abonéieren.

En Iwwerbléck vum Projet fannt Dir hei.

Wann Dir Froen hutt, kënnt Dir eis iwwer curriculum@script.lu kontaktéieren.

Kontakt