Agenda

-

Virliesconcours 2020

Quand ?
  • -
Où ?
Uechtert d'Land

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2020 fir d'15. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

 

Gerechtegkeet

Wat ass gerecht – wat ass ongerecht?

Dës zwou Froe waren zu all Zäit wichteg, am Alldag vu jidderengem, awer och a méi groussen Zesummenhäng an der ganzer Gesellschaft. Zu verschidde Momenter an der Geschicht koum et verstäerkt zu Ongerechtegkeeten a vill Leit hunn dorënner gelidden. Mir wëssen, datt et och haut dacks net gerecht zougeet – weder am reellen nach am virtuelle Liewen. Zu all Zäit gouf et Leit, déi sech bewosst fir méi Gerechtegkeet agesat hunn. Haut sinn et virun allem déi Jonk, déi eng méi gerecht Zukunft fuerderen.

 

Bicher gëtt et zu deem Thema eng ganz Rëtsch: si erziele vun Ongerechtegkeet, vu Persounen, déi sech aktiv fir e gerecht Mateneen asetzen, oder vun aneren, déi vläicht ënner enger ongerechter Situatioun leiden. Et kann en Extrait gewielt ginn, an deem ee géint Ausgrenzung oder Rassismus virgeet, sief et an der Famill, an der Klass, oder egal wou an eiser Gesellschaft. Et kann och eng Episod gewielt ginn, an där erkläert gëtt, wat Gerechtegkeet oder Ongerechtegkeet ass, oder wéi eng gerecht/ongerecht Zukunftsvisioun kënnt ausgesinn.

An der Broschür zum Virliesconcours 2020 ginn den Oflaf vum Concours an d’Rolle vun de verschidden Acteure méi genau beschriwwen.

 

Am aktuelle Kontext ass et onvermeidlech, datt och beim Virliesconcours 2020 verschidden Adaptatioune musse gemaach ginn. Et gëtt dëst Joer keng national Finall mee et gi regional Finallen.
Déi genee Modalitéite fannt Dir am PDF-Dokument Néi Modalitéite Virliesconcours.

 

Fir weider Informatiounen:

Anne-Marie Antony (anne-marie.antony@men.lu) & Anne Biesdorf (anne.biesdorf@men.lu)
Telefon : 247-85184 / 247-75192

Kontakt

  • eduPôle
    28, route de Diekirch
    L-7220 Walferdange
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    BP 98 | L-7201 Bereldange
    secretariat@script.lu