Actualitéiten

Fachiwwergräifend an dobaussen léieren

06/11/2019

Mam Rucksak eraus aus der Klass, op Entdeckung vun der gebauter Welt, ronderëm d’Schoul, am Duerf, an der Stad, op bekannten a manner bekannte Plazen. Dat steet um Programm vun de pädagogeschen Aktivitéiten vun Eis gebaute Welt, déi de SCRIPT de Schoulkanner vun de Cyclen 3 a 4 an der Grondschoul ubitt.
D’Aarbechtsmaterial erméiglecht dem Léierpersonal eng einfach a schnell Ëmsetzung vun 6 thematesche Missiounen.

250 Rucksäck sinn ënnerwee, fir uechtert d’Land verdeelt ze ginn. Eng ganz Rei vierwëlzeg Kanner wäerten also dëst Schouljoer d’Ëmwelt erfuerschen, se kritesch betruechte fir hire konstruktiven an kreative Beitrag ze leeschten.

D'Enseignanten déi interesséiert sinn, fir sech méi intensiv mat Hannergrondwëssen, pädagogeschen Aspekter an Tipps zum Classroom management ausenanerzesetzen, kënnen sech an e Workshop aschreiwen, deen esouwuel um Institut de Formation de l’Éducation nationale (IFEN) ewéi och um Terrain stattfënnt. Och Kolleginnen a Kollegen, déi schonn Erfahrung an der Ëmsetzung hunn sinn dobäi, fir e Netzwierk vun Eis gebaute Welt-Experten*innen opzebauen.

Fir méi Informatiounen:
martine.bintner@education.lu, nadine.brix@education.lu

Workshop:
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=232944

Verdéiwungsworkshop:
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=232945

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu