Actualitéiten

Journées du livre et du droit d'auteur

Journées du livre et du droit d'auteur
10/04/2020
Journées du livre et du droit d'auteur vum 20. bis de 24. Abrëll 2020

Den Educatiounsministère (MENJE) hat Enn 2019 en Opruff un d’Grondschoule gemaach, fir bei de Journées du livre et du droit d’auteur 2020 matzemaachen. Esou en Opruff un d’Grondschoule gëtt all Joer fir dëst Evenement gemaach.

 

Thema 2020: En neien Ufank

Schonn dacks an der Geschicht stounge Mënsche viru ganz neien Erausfuerderungen an hu missen en neien Ufank woen, zum Beispill no de Weltkricher oder no Naturkatastrophen.

Awer och wichteg Erfindungen, technesch Entwécklungen a gesellschaftlech Ännerungen hunn e grousse Wandel mat sech bruecht, esou zum Beispill d’Erfanne vum Buchdrock oder vum Motor, d’Walrecht fir d’Fraen oder och d’Mënscherechtserklärung ...

Och a sengem perséinleche Liewe stoung scho bal jiddereen eemol, gewollt oder ongewollt, virun engem neien Ufank, sief et op familiärem, schouleschem oder berufflechem Plang.

Eis aktuell Gesellschaft verännert sech ganz séier a verlaangt, datt mir eis un déi Changementer upassen: et geet drëm, wéi mir matenee liewen an ëmginn, wéi mir ënner anerem an de soziale Medie kommunizéieren, wéi mir eis Ressourcë verdeelen a mat eisem Planéit ëmginn.

 

Aktivitéiten am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur

Deemools hätt de MENJE net gemengt, datt d’Thema 2020 esou brennend aktuell wier.

Duerch déi grouss Changementer, déi mir grad mat der sanitärer an ekonomescher Kris vun der Coronapandemie erliewen, komme mir effektiv all an d’Situatioun en neien Ufank ze maachen.

Duerfir invitéiere mir Kanner, Klassen an Enseignanten sech, wann se wëllen, fir d’Journées du livre et du droit d’auteur 2020 mat dem Thema En neien Ufank ze beschäftegen.

Esou Aktivitéite kënnen an der Fräizäit vun de Kanner an hiren Eltere gemaach ginn. Enseignantë kënnen awer och Iddien an hire Programm abauen.

Am separate Pdf-Fichier fannt Dir puer Impulser fir Aktivitéiten, déi am aktuelle Kontext kéinten duerchgefouert ginn.

Mir bidden an der Woch no der Ouschtervakanz, also zum Datum vun de Journées du livre et du droit d'auteur, um Internetsite www.schouldoheem.lu nach weider Iddien un, déi kënnen fir d’Journées duerchgefouert ginn, sief et vu Klassen awer virun Allem och vun eenzelne Kanner.

 

Bicherlëscht zum Thema En neien Ufank

Mir hunn als méiglech Ressource eng Bicherlëscht zesummegestallt, déi Kannerbicher zum Thema presentéiert. Déi ass als separate Pdf-Fichier disponibel. Dir fannt do Kannerbicher fir verschidden Alteren an a verschiddene Sproochen.

Dat geet vum Billerbuch, dat d’Verännerungen erzielt wann een neit Geschwësterche kënnt, iwwert Biografië vu Persounen déi Verännerunge bewierkt hunn, bis zu Bicher iwwert de Klimaschutz.

Eng Rei Bicher kënne vun Eltere virgelies ginn, verschiddener kënne vu Kanner eleng gekuckt ginn an nach anerer bidden Diskussiounsstoff tëscht Kanner an Erwuessener.

Mir wëllen drop hiweisen, datt Dir déi Bicher och an de Lëtzebuerger Librairie kritt, déi ëmmer nach Bicher liwweren. Dir fannt se op www.libraires.lu.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu