Actualitéiten

Be a He(a)ro goes digital

Be a He(a)ro
18/11/2020

Den 17.11.2020 gouf vun de Responsable vum CMA (Centre de Musiques amplifiées) an de Lokalitéite vun der Rockhal e Fazit zum leschte Joer gezunn an en Ausbléck fir déi nächst Méint presentéiert.

Bei dëse Projete gouf virun allem och op eng Kollaboratioun tëscht dem SCRIPT an dem Rocklab higewisen, déi säit e puer Joer existéiert an déi elo, opgrond vun der Pandemie-Situatioun, nei Facettë kritt: Be a He(a)ro.

Beim Ursprongsprojet handelt et sech ëm edukativ Concerten, déi während enger ganzer Woch viru Schoulklassen an de Lokalitéiten vun der Rockhal opgefouert ginn a wou de jonke Public Abléck an d’Welt vun der Musek, méi genau vum Rock, kritt. D’Matsangen an -danzen stinn natierlech mat um Porgramm. Esou hunn all Joer iwwer 2000 Kanner un dësem Projet deelgeholl.

Aus de bekannte Grënn vun der Covid-19-Situatioun konnt am Schouljoer 2019/20 de Be a He(a)ro net stattfannen an déi Responsabel vu SCRIPT a Rocklab hunn no Weeër gesicht, fir dëse Projet awer weiderzeféieren; och ouni Optrëtter op der Bühn. Zesumme gouf un engem Konzept geschafft fir edukativ Videoen ze dréinen, déi Loscht op de Projet maache sollen, awer duerchaus och als Vir- an Nobereedung op den edukative Concert solle gesi ginn. Dës Videoe befanne sech momentan an der Post-Produktioun a wäerte fir déi nächst Editioun prett stoen.

Mat un der Ëmsetzung huet d’SCRIPT-Equipp vu mimamu.lu (mir maache Musek) geschafft.

Esou gouf de Grondsteen vun hirem Plang geluecht, fir edukativ Videoen zu de verschiddenen Instrumentegruppen a Museksgenres wéi Rap, Rock/Pop, Techno asw. ze kreéieren.

D’Equippe vum SCRIPT a vum Rocklab hoffen drop, datt déi sanitär Situatioun et erlabe wäert fir am Joer 2021 eng nei, ausgebaute Versioun vum Be a He(a)ro kënnnen z’organiséieren.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu