Actualitéiten

Bicycool ass nees um Rullen

Bicycool ass nees um Rullen
15/03/2021

Nodeems verschidde Klassen aus der Demy Schlechter Schoul zu Bouneweg esouguer am Wanter ënnert dem Préau vun der Schoul e puer Woche laang all Woch fläisseg hir Geschécklechkeet um Vëlo trainéiert hunn, war d’Remorque vu Bicycool no der Fuesvakanz zu Ierpeldeng/Sauer ënnerwee.

Vum Précoce bis zum Cycle 4 vum Enseignement fondamental konnten all Kanner hirem Niveau entspriechend vun enger flotter Beweegungsaktivitéit profitéieren an dat Ganzt och nach dobannen am Waarmen, well d‘Gemeng der Schoul erlaabt hat, den Turnsall ze benotzen. Nodeems Ierpeldeng d’lescht Joer eng vun deene puer Gemenge war, déi nach virum Lockdown vu Bicycool profitéiere konnten, war et schéin ze gesinn, wéi d’Kanner schonn am Virfeld doheem geüübt haten an och däitlech Fortschrëtter ze gesi waren.

De 5. Februar 2021 war och dem Gewënner (Cycle 1/Cycle 2) vum Challenge Dee coolste Vëlosparcours doheem säi groussen Dag, well do war eis Landesmeeschterin Christine Majerus zesumme mat der SCRIPT-Mataarbechterin Suzie Godart beim Jacques Theis a senger Klass zu Klengbetten.
D’Kanner konnten dem Christine an dem Suzie Froe stellen, se krute jiddereen e coole Kaddo an hunn am Schoulhaff zesumme mat eiser Championne e puer flott Spiller mam Vëlo gemaach.

Den 31. Mäerz 2021 wäert dann d’Remorque vum SCRIPT nach emol zu Klengbetten op Besuch sinn, fir e coole Parcours zesumme mam Cyclocross Landesmeeschter a SCRIPT-Mataarbechter Lex Reichling ze fueren.

Bis Juli 2021 ass de Programm ausgebucht, ma interesséiert Leit kënnen sech trotzdeem iwwer Mail beim d’Suzie Godart op suzanne.hary@men.lu mellen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu