Actualitéiten

De Rôle vum Lëtzebuergeschen an der Schoul: De Webinaire am Replay

"Lëtzebuergesch an der Schoul": De Webinaire am Replay
17/03/2021

An Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 huet de SCRIPT en Dënschdeg, de 16. Mäerz en Webinaire zum Thema De Rôle vum Lëtzebuergeschen an der Schoul proposéiert.
Et goung drëm, de kohärente roude Fuedem opzezeechnen, ënnert wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a wéi et sech gemeinsam mat de Friemsproochen, déi am Lëtzebuerger Curriculum integréiert sinn, zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt.

Am Webinaire gouf de Bou vun der Fréikanderzéiung iwwert d’Grondschoul eran an de Lycée bis hin an d’Erwuessebildung gespaant.

Am Studio waren d’Flore Schank, Institutrice-attachée, Éducation plurilingue et interculturelle; Pédagogie et didactique des apprentissage, Service de l’Enseignement Fondamental, MENJE; d’Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, Ecole Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette; d’Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire an d’Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut National des Langues.

Ausserdeem goufe fir d’Emissioun och eng Rei vun Experten interviewt.

Fir d’Enseignanten an d'Enseignanteë gouf dëse Webinaire als Formation continue vum Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) unerkannt. Bal 900 Leit haten sech ageschriwwen.

Dir hat d’Emissioun verpasst? Hei kënnt Dir se nach eng Kéier lauschteren a kucken:

Um Internetsite vum Radio 100,7 oder op Youtube.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu