Actualitéiten

Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung

Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung
09/06/2021

Déi zweet Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung gouf e Samschden, de 5. Juni 2021 ofgehalen.

Op der online Plattform Hopin waren 32 Stänn aus Lycéeën, ONG’en a Ministèren an 120 Leit enregistréiert.

De flotten online Austausch gouf ofgeschloss duerch d’Usprooche vum Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Madamm Carole Dieschbourg, Ministesch fir Emwelt, Klima an nohalteg Entwécklung.

De SCRIPT war aktiv un der Organisatioun an der Koordinatioun vun dëser Foire bedeelegt, déi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) a vum Ministère fir Emwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD) gegrënnt gouf.

Weider Informatioune fënnt een ënnert dësem Link.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu