Actualitéiten

#liesenassgesond – Réckbléck an Ausbléck

Liesen.lu
26/07/2021

Déi lescht 6 Woche vum Schouljoer stoungen am SCRIPT ënner anerem och ënnert dem Motto vum Liesen an der Liesfërderung.

Liese gehéiert fir jiddereen zum Alldag a fënnt net nëmme seng Plaz an der Schoul, mee wäit doriwwer eraus. D’Campagne #liesenassgesond, déi vum SCRIPT konzipéiert gouf, huet op verschidde Manéiere probéiert, fir jidderengem (Schülerinnen a Schüler, awer doriwwer eraus all Liesinteresséierten), d’Welt vum Liese méi no ze bréngen.

D’Video-Campagne mat ënnerschiddliche Personnagen aus der Lëtzebuerger Gesellschaft (z.B. de Rapper Maz, de Serge Tonnar, d’Mandy Graff a vill Anerer) gouf insgesamt iwwer 111.000 iwwer de Site www.liesen.lu an d’sozial Medien ugekuckt. Nieft den Affichen, déi vum SCRIPT erstallt goufen, hat jiddereen och d’Méiglechkeet sech säi ganz personaliséierte Pouster mat sengem Liblingsbuch ze gestalten. Wäit iwwer 300 vun dëse Poustere goufen generéiert a sinn ënner www.liesen.lu ze gesinn.

D’Campagne ass awer och iwwer d’sozial Medie wéi Instagram viral gaangen. Mat engem eegens erstallten Instagram-Filter konnt ee seng Liblingsbicher och hei mat aneren Notzer deelen: bal 30.000 mol gouf dëse Filter ugeklickt an iwwer 2000 Leit hunn e selwer benotzt. A puncto Materialie goufen insgesamt 11 Podcaste mat ë.a. bekannte Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller opgeholl, déi een esou wuel um Site www.liesen.lu wéi och op alle Streaming-Plattforme fënnt. D’Podcasten hunn eng optimal Längt fir an der Schoul oder och am Auto ze lauschteren an doriwwer eraus fënnt een zu all Podcast och nach pedagogesch Fichë mat de wichtegsten Informatiounen. Am neie Schouljoer wäert eng nei Serie vu Podcasten enregistréiert ginn, déi sech op eng aner Manéier a mat anere Gäscht mam Thema Liesen auserneesetzt.

Zudeem besteet fir d’Lycéeën nach ëmmer d’Méiglechkeet fir sech eng Liesung an der Schoul unzefroen. Dës Offer wäert de SCRIPT am neie Schouljoer de Lycéeën nach eng Kéier nei presentéieren, fir datt d’Thema Liesen an d’Lëtzebuerger Literatur iwwer dëse Wee an de Schoulen nach méi prominent ginn. All weider Informatioune fënnt een op www.liesen.lu, well denkt ëmmer drun:

#liesenassgesond

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu