Actualitéiten

Projet 'Plan d’études 2025': Infoveranstaltung zum Consultatiounsprozess ronderëm en neie Plan d’études

Projet 'Plan d’études 2025': Informatiounsveranstaltung zum Consultatiounsprozess ronderëm en neie Plan d’études
10/01/2022

D’Division du développement du curriculum vum SCRIPT invitéiert d’Léierpersonal an d’edukatiivt Personal aus der Grondschoul an d’Enseignanten aus dem Secondaire op eng Infoveranstaltung zum Consultatiounsprozess ronderëm en neie Plan d’études.

Dës gëtt den 18. Januar 2022 vu 17.00 bis 18.00 Auer am Forum Geesseknäppchen organiséiert.

2020 huet d’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT zesumme mat de Programmkommissiounen aus dem Fondamental de Reflexiounsprozess ronderëm d’Iwwerschaffe vum aktuelle Plan d’études lancéiert.

D’Reflektioune vun de Programmkommissioune sinn an der Publikatioun CNEF 2018-2021 am Juni 2021 verëffentlecht ginn. Zesumme mat villen intresséierte Partner gëtt elo an enger éischter Phas weider iwwert de Plan d’études diskutéiert, éier an enger zweeter Phas de Kader an d’Inhalter vun engem neie Plan d’études kënne festgeluecht ginn.

Am Kader vun der Informatiounsveranstaltung ginn de Consultatiounsprozess an d’Method vun de Workshops, déi fir 2022 an 2023 geplangt sinn, erkläert.

Sidd Dir interesséiert, fir matzediskutéieren iwwer déi künfteg Ausriichtung vun der Grondschoul an iwwer dProgrammentwécklung am Fondamental?

Da schreiwt Iech wgl. bis de 14. Januar ënnert dësem Link an.

Dir kënnt en présentiel (limitéiert Plazen) oder iwwer Live-Stream (Dir kritt dofir am Virfeld e Link geschéckt) un der Infoveranstaltung deelhuelen.

Méi detailléiert Informatiounen iwwert d'Evenement ginn et am PDF-Dokument ënnen op der Säit.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu