Actualitéiten

'ChmenKi!': Atelier pédagogique 2025-2026

''
22/09/2025

All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn. Dat steet am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun. D’Schoul spillt hei eng entscheedend Roll, well si d’Méiglechkeet bitt, Kanner fréi a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren.

Fir dat z’erméiglechen, huet de SCRIPT 2022 de Präventiounsprojet 'ChmenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!' entwéckelt. Nodeems et Pilotphase mat 14 Klassen (am Juli an Oktober 2022) goufen, ass de Projet offiziell lancéiert ginn. Bis elo hunn 145 Klassen (ëm déi 2.300 Schülerinnen a Schüler) aus de Cyclen 2 bis 4 vun den Ateliere profitéiert.

6 Grondprinzippien:

  1. Mäi Kierper gehéiert mir.
  2. Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
  3. Ech vertraue menge Gefiller.
  4. Ech däerf Nee soen.
  5. Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
  6. Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.

Oflaf an Dauer vum Atelier

Dës Prinzippie ginn duerch Aarbechtsblieder, Lidder an Theateraktivitéiten thematiséiert. Den Atelier gëtt zesumme mam Enseignant oder der Enseignante ofgehalen a dauert:

  • bis zu 2h30 fir Cycle 2
  • bis zu 3h30 fir Cyclen 3 a 4

D’Eltere kréien am Viraus en Informatiounsbréif.

Pedagogescht Material

  • En Dossier pédagogique mat 24 Aktivitéiten (Cycle 2 a Cyclen 3–4) begleet de Projet, en ass bestellbar iwwer de Bon de commande vum Educatiounsministère 2025-2026.
  • Fir de Cycle 3 gëtt et zousätzlech d’Geschicht 'A wien ass dann hei de Chef?', op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.
  • D’Material ass och digital um Internetsite heydoo.lu ënnert dësem Link ze kréien.

Inscriptiounen 2025-2026

Vun der Rentrée 2025-2026 u ginn d’Atelieren erëm een- bis zweemol d’Woch moies an de Cyclen 2 bis 4 ofgehalen.

Fir eng Visitt z’organiséieren muss een dëse Formulaire d’inscription ausfëllen.

Prioritéit hunn déi Klassen, déi bis elo nach net deelgeholl hunn.

IFEN-Formatiounen 2025-2026

  • 25. November 2025 (Belval, 14h00–17h00)
  • 24. Mäerz 2026 (Walfer, 14h00–17h00)
  • 16. Juni 2026 (Walfer, 14h00–17h00)

Méi Detailer iwwert d'Formatioun an d'Umeldung ginn et ënnert dësem Link.

Fir weider Informatiounen zum Projet: mary.faltz@men.lu.

Kontakt