< zereck
D’'Journées du livre et du droit d’auteur' ginn tëscht dem 20. an dem 24. Abrëll 2026 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto:
D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
Liesen am Däischteren
Liesen am Däischteren huet eng speziell Atmosphär: ënnert der Decke mat Täscheluucht, am Grupp oder eleng, bei enger Liesnuecht, am Zelt oder ënnert de Stären. D’Däischtert mécht Geschichte méi intensiv a mysteriéis – et taucht ee komplett an an et vergësst een den Alldag.
Heiansdo muss een heemlech liesen, well Bicher verbuede ginn. Dat geschitt nach ëmmer, z.B. an den USA, wou (Kanner)bicher aus Bibliothéike verschwannen – aus ideologesche Grënn. Et lount sech ze kucken, wéi eng Bicher dat sinn a firwat.
Liewen am Däischteren
Nuets schlofe mir meeschtens, mee et ass vill Liewen: Leit, déi nuets schaffen, an Déieren, déi nuetsaktiv sinn. Am Däischteren erschéngt alles geheimnisvoll, besonnesch Plazen ouni Dagesliicht – ënnert der Äerd oder am Mier. Do hu Mënsch an Déier Welten entdeckt, Ressource genotzt an sech ugepasst. Déieren am Däischtere sinn oft friem a faszinéierend.
Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliografie mat Kannerbicher zum Theema 'Liesen a Liewen am Däischteren'. Liesen an der Däischtert, heemlecht Liese wann et ëm verbuede Bicher geet, Geschichten, déi am Däischteren oder der Nuecht spillen, Bicher zu Déieren, Liewen an Entdeckungen ënnert der Äerd oder déif am Mier. Vill aner Bicher sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.
Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d’'Journées du livre et du droit d'auteur' fannt Dir am PDF-Dokument 'Journées du livre et du droit d'auteur 2026: Modalitéiten' ënnen op der Säit.
De SCRIPT wënscht vill Freed bei den Aktivitéiten a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.