< zereck
Dir wëllt de Gaart notzen, fir de Kanner Nohaltegkeet a gesond Ernierung méi no ze bréngen?
Dir sicht Iddien, fir de Kanner d'Schoulfächer duerch de Gaart méi gräifbar ze maachen?
Dir sidd op der Sich no Informatiounen iwwer pedagogesch Gäert oder Begréngungsprojeten?
Da gitt op den Internetsite www.leierenamgaart.lu kucken. Hei fannt Dir Informatiounen iwwer:
De Projet 'Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg' ass eng Initiativ vum Service Education à l’environnement Kalendula vum Centre d'Initiative et de Gestion Local (CIGL) Esch, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend / SCRIPT.
D’Zil vum Projet ass et, en Netzwierk vu pedagogesche Gäert opzebauen. Duerch eng fachlech Begleedung, kënne Strukture beim Opbau vun engem neie pedagogesche Gaart oder engem Begréngungsprojet vun engem Schoulhaff ënnerstëtzt ginn.
De Projet riicht sech u Maison Relaisen, Primärschoulen a Lycéeën, grad ewéi all anere Gaart zu Lëtzebuerg, de pedagogesch genotzt gëtt.