< zereck
Mat hirem Déieregedicht 'Ech war gëschter am Zoo' gewënnt d’Nora Wagener déi 4. Editioun vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis (KJLP)'. De KJLP ass mat 1.500 Euro dotéiert a mat enger Publicatioun verbonnen.
Dëst Joer goufe Virliesgeschichten a -gedichter fir Kanner aus dem Cycle 2 gesicht, déi vum Enseignant respektiv der Enseignante an der Klass kënne virgelies ginn.
Nieft dem Präis huet de Jury nach véier weider Texter mat enger Mentioun ausgezeechent: 'Ech kann dat eleng' vum Nathalie Atten, 'Meng Liblingssaach' vum Jhemp Hoscheit, 'D’Féli an d’Lumi' vum Stéphanie Kieffer an 'A mengem Apel' vum Marc Weydert.
De Präis gëtt den 2. Juli 2026 am Kader vun der Finall vum 'Virliesconcours' zu Esch-Uelzecht am Ariston iwwerreecht.
D’Zil vum 'KJLP' ass, d’Literatur op Lëtzebuergesch ze stäerken an d’Offer vu literareschen Texter op Lëtzebuergesch an de Schoulen ze fërderen. De Präis gëtt vum SCRIPT organiséiert a gouf 2022 fir d’éischte Kéier ausgeschriwwen.
Déi nächst Ausschreiwung ass am Hierscht 2026.