< zereck
Am Ariston, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, koumen den 2. Juli 2026 am Nomëtteg déi 8 Finalistinnen a Finaliste fir d’Finall vum 'Virliesconcours 2026' zesummen. Et ware 6 Meedercher an 2 Jongen, déi sech ënnert méi wéi 4.500 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert haten.
All Kand huet bei der Umeldung zwou Liessproochen uginn, eng éischt Sprooch, déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit, an eng zweet Sprooch, an där et och gär virliest. Déi huet awer eréischt vun der Véierelsfinall un eng Roll gespillt. Als éischt Sprooch haten d’Kanner d’Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn. Englesch war dëst Joer fir d’éischt och an der Finall vertrueden.
D’Erausfuerderung an der Finall waren dräi Epreuven: e bekannten imposéierten Text an der zweeter Sprooch, deen d’Kanner iwwert e puer Deeg konnte virbereeden; en onbekannten Text an der éischter Sprooch als 'lecture à vue' aus engem Buch a schliisslech e 'Liestheater' an der éischter Sprooch, och als 'lecture à vue', an deem jee 2 Kanner matenee gelies hunn.
D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi goufen et – mat jee 2 Liessprooche pro Kand – 15 regional Véierelsfinallen an duerno eng Halleffinall, bei där 8 Finalistinnen a Finalisten ermëttelt goufen.
D’Eloise aus der Grondschoul vu Waasserbëlleg huet de Concours gewonnen. Hatt wosst de Jury esouwuel beim bekannten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim onbekannten Text an och beim 'Liestheater'.
Als imposéierten Text a senger zweeter Sprooch hat et en Extrait aus dem Buch 'The Accidental Prime Minister' vum Tom McLaughlin an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch huet et aus dem Buch 'Foxfighter – Angriff des Schattens' vum Akram El-Bahay virgelies. De 'Liestheater' op däitsch, senger éischter Sprooch, war extra fir d’Finall geschriwwe ginn.
Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren : de Moritz Castiglia, de Gabin Debroise, d’Josefin Feider, d’Anna Konsbruck, d’Hana Sarajlic, d’Eloise Schwiderowitz-Janis, d’Emma Weber an d’Franka Sofia Zimmer Rosales.
All Finalistin an all Finalist krut e Certificat, e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut en plus e flotte Pokal an e Bicherbong fir e méi héije Betrag.
An dem Jury waren: de Luc Belling (Responsabel vun der Divisioun Initiatives et programmes pédagogiques beim SCRIPT), den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Nora Wagener (Schrëftstellerin).
D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen a Finalisten – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bei deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendez-vous waren.
Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.
De 'Virliesconcours' gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.
'De Piwitsch' huet en Interview mam Gewënnerkand gefouert. Hei kann een e lauschteren.
Virun der Präisiwwerreechung vum 'Virliesconcours' gouf et nach en anere flotte Moment: d’Präisiwwerreechung vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis' un d’Nora Wagener. De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT a President vum Jury, huet eng Laudatio fir d’Auteurin gehal a si huet hire präisgekréinten Text virgelies.