Actualitéiten

Den éischte Piwitsch vum neie Schouljoer ass do!

''
30/09/2026

De 26. September ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Am neie 'Piwitsch' fannt Dir dofir e Spezial-Deel mat ofwiesslungsräiche Sujeten zum Thema. D’Rapperin Nicool erzielt wéi een op Lëtzebuergesch rappt. D’Schrëftstellerin Christiane Kremer verréit, wéi si op hier Iddie kënnt. Entdeckt ausserdeem lëtzebuergesch Wierder vu fréier an ënnerschiddlech Dialekter. Sot Dir Geld, Suen, Fric oder Goss? Entdeckt weider Wierder fir déi et sëllege Synonymmer ginn. An da gëtt och nach di spannend Fro beäntwert: Gëtt a Brasilie Lëtzebuergesch geschwat? An och am Artikel vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) geet et natierlech ëm d’Sprooch.

De 'Piwitsch' huet eng Houfschmattesch besicht, an huet vill iwwert dëse spannende Beruff geléiert. Mam Artikel 'Das Christentum' fiert de Piwitsch weider an der  Serie: 'Die Weltreligionen'. An den nächsten Editioune liest Dir mei iwwert den Hinduismus, den Islam an de Judentum. Ofgeschloss gëtt dës Serie am Laf vum nächste Schouljoer mat der Fro, u wat ee gleewe kann ouni Relioun. An der 'Kannerfro' vum Emil geet et ëm d’Sonn.

Eis Mini-Reporter a Reporterinne waren och nees fläisseg. D’Klass C4.2 vu Klengbetten (vu leschtem Schouljoer)  huet sech mat der Titanic beschäftegt. D’Klass 4.2 vu Reiler (vu leschtem Schouljoer) ass der Fro nogaange, wat d’KI alles sou kann. 

Eng Liesgeschicht däerf am 'Piwitsch' natierlech net feelen! Mat der Geschicht 'Wann d’Van wanne kann erzielt' d’Christiane Kremer d’Geschicht vum Vanessa wat beim Futtball matspille wëll. Illustréiert ass d’Geschicht nees vum Tracy Heindrichs. 

Opgepasst: Vun dësem Schouljoer u kritt Dir  'De Piwitsch' op Bestellung. Wann Dir mat Ärer Klass weiderhi gär 'De Piwitsch' wëllt liesen an entdecken, dann zéckt net a bestellt elo hei.

Maisons Relaisen, Centres de compétences a weider interesséiert Institutioune kënne sech och ganz gär aschreiwen.

'De Piwitsch' wënscht vill Freed beim Liesen!

Sollt Dir Froen hunn, mellt Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per E-Mail op info@piwitsch.lu.

Kontakt