Andréck vun de ClimateXchange-Rencontren

Den Engagement vun de Schüler an der weltwäiter Climate strike–Beweegung ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue huet d’Regierung sech engagéiert, an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL), fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren.

Dëse Video gëtt Andréck vun de 4 ClimateXchangen, déi am Mee a verschiddene Regiounen ofgehale goufen a wou ronn 500 Schüler oppen a konstruktiv matdiskutéiert hunn; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft).

Op de 4 ClimateXchange-Mëtteger konnten d’Schüler och Messagen an enger Videokabinn ophuelen: