Actualités

Maach (k)een Drama

03/10/2019

Zanter dëser Rentrée fannt dir nieft dem Internetsite www.mimamu.lu (Mir maache Musek) vum SCRIPT eng nei Online-Offer am Beräich vum Theater: www.makedra.lu (Maach (k)een Drama).
Genee wéi bei mimamu, fir de Musekberäich, fannt dir och hei Materialien, Hëllefsstellungen, souwéi eng ganz Rei Offeren zum Thema Theater an der Grondschoul. ma(k)edra ass domat eng Ënnerstëtzung fir Enseignant(ë)n mat a virun allem ouni Erfarung am Theaterberäich.

Zil vun der gemeinsamer Plattform, déi dir ab elo iwwer een eenzege Site fannt ―iwwer www.mimamu.lu wéi och www.makedra.lu kommt dir op déi selwecht Ausgangssäit ― ass et, souwuel d’Musek wéi och den Theater an der Grondschoul z‘integréieren an ze fërderen. Si bitt intresséierten Enseignant(ë)en d‘Méiglechkeet, eleng oder an direkter Zesummenaarbecht mat der mimamu / ma(k)edra-Equipe, innovativ Projeten an Aktivitéiten an dëse Beräicher vun der kultureller Bildung ëmsetzen ze kënnen; esou besteet d’Méiglechkeet vun enger Ënnerstëtzung bei engem Theaterprojet, Hëllef bei der Ëmsetzung vun engem neie Projet oder awer mir komme bei iech an d’Schoul, fir iech eis Materialie virzestellen.

Am Schouljoer 2018-2019 hu ronn 1.200 Léierpersounen a Konto op www.mimamu.lu opgemaach, fir d’Materiale benotzen ze kënnen. Wie schonn ee mimamu-Login huet, huet domat och automatesch Accès op www.makedra.lu. All Intresséiert kënnen sech ganz einfach iwwer de Site umellen an d’Equipe kontaktéieren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu