Actualités

Online Léiermaterial vum Profax-Verlag

11/10/2019

Zanter der Schoulrentrée 2018-2019 huet de SCRIPT eng Konventioun mat dem Profax-Verlag aus der Schwäiz, deen sech op d’Ausschaffe vun digitale Medie spezialiséiert huet.

Besonnesch am Beräich vun der däitscher Sprooch, der Mathematik an der visueller an auditiver Wahrnehmung huet de Profax-Verlag an de leschte Jore vill nei Materialien ausgeschafft. Zanter leschtem Joer bitt de SCRIPT all interesséierte Léierpersounen d’Méiglechkeet fir mat 20 ausgewielten Applikatiounen an dëse Fachberäicher mat hire Klassen ze schaffen. Iwwer den Internetsite www.multi-script.lu fënnt een Informatiounen iwwert déi verschidden Applikatiounen an eng Beschreiwung, wéi een sech als Léierpersoun a senger Klass selwer e Login kreéiere kann.

De SCRIPT huet an de leschte Joren awer och aktiv Kooperatioune mat Profax an Ugrëff geholl. Esou gouf 2017-2018 zesummen um Projet babbelbubble geschafft; eng Weiderféierung vum Programm Multidinsgda. babbelbubble erméiglech d’Léiere vun engem éischte Wuertschatz mat 3 Zilsproochen: dem Däitschen, Franséischen a Lëtzebuergeschen. D’lescht Schouljoer hu ronn 10.000 Schülerinnen a Schüler an insgesamt iwwer 70.000 Sëtzungen an de Schoule mam babbelbubble geschafft.

Donieft gouf 2018-2019, spezifesch fir d’Lëtzebuerger Edukatioun, de Programm Lucilin ausgeschafft. Eng App, déi sech mat kulturellen, geographeschen an historeschen Informatioune ronderëm Lëtzebuerg ausenanersetzt.

Fir awer net nëmmen dës Programmer unzebidden, mee de Léierpersounen och d’Méiglechkeet ze ginn, sech intensiv heimat ze beschäftegen, huet de SCRIPT, zesumme mam Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN), während 3 Deeg (vum 29.09. bis den 31.09.2019) Formatioune mat spezifesche Schwéierpunkten ugebueden. Zum enge goufen 3 Formatiounen am Beräich vun der däitscher Sprooch (Alphabetiséierung bis hin zu däitsche Grammatikübungen) gehalen; zum anere goufen 3 Formatiounen am Beräich vun der auditiver, haptescher a visueller Wahrnehmung organiséiert; besonnesch fir Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus den nei gegrënnte Kompetenzzentren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu