Actualités

Journées du livre et du droit d’auteur 2020: mellt Iech elo un!

Journées du livre et du droit d’auteur 2020
05/12/2019

D’Journées du livre et du droit d’auteur ginn tëscht dem 20. An dem 24. Abrëll 2020 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto En neien Ufank.
D’Evenement riicht sech un d’Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

D’Schoulen,   déi   matmaachen,   ginn   um   Internetsite   vun   de   Journées   du   livre   et   du   droit   d’auteur (www.liesen.lu) an am Courrier de l‘Éducation nationale 04/2020 ernimmt.

De SCRIPT offréiert Bicherpräisser un d’Schoulen, déi matmaachen.

Ëm wat geet et?

Schonn dacks an der Geschicht stounge Mënsche viru ganz neien Erausfuerderungen an hu missen en neien Ufank woen, z. B. no de Weltkricher oder no Naturkatastrophen.

Awer och wichteg Erfindungen, technesch Entwécklungen a gesellschaftlech Ännerungen hunn e grousse Wandel mat sech bruecht, esou zum Beispill d’Erfanne vum Buchdrock oder vum Motor, d’Walrecht fir d’Fraen oder och d’Mënscherechtserklärung.

Och a sengem perséinleche Liewe stoung scho bal jiddereen emol, gewollt oder ongewollt, virun engem neien Ufank, sief et op familiärem, schouleschem oder berufflechem Plang.

Eis aktuell Gesellschaft verännert sech ganz séier a verlaangt, datt mir eis un déi Changementer upassen: et geet drëm, wéi mir matenee liewen an ëmginn, wéi mir ënnert anerem an de soziale Medie kommunizéieren, wéi mir eis Ressourcë verdeelen a mat eisem Planéit ëmginn.

Wéi kann ee matmaachen?

D’Responsabel aus der Schoulbibliothéik sinn d‘Kontaktpersoune fir déi Aktioun.

Umeldung (iwwert de Schoulbibliothecaire): mam Onlineformulaire bis den 13. Mäerz 2020.

Kontakt: anne-marie.antony@men.lu / anne.biesdorf@men.lu

 

Méi Informatiounen iwwert d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu