Actualités

mimamu / makedra highlights 2020/21

Logo Mimamu/Makedra
11/09/2020

D’Equipe vu mimamu/makedra ass frou iech d’highlights vun eise Projeten fir d’Schouljoer 2020/21 kënne virzestellen. Bei Interessi un engem vun eise Projeten kënnt dir iech iwwer mimamu-kontakt, makedra-kontakt oder iwwer de betreffenden Umeldungsformular bei eis mellen.

Mir weisen drop hinn, dass wéinst Covid-19 all eis Interventiounen an der Klass der jeeweiliger Situatioun ugepasst sinn. All Aktivitéiten an der Schoul oder op ëffentleche Plaze ginn deemno zesumme mat iech geplangt am volle Respekt zu de ministerielle Consignen. Verschidde Projeten (*) kéinten deemno variéieren, respektiv reduzéiert stattfannen.

“and…ACTION!” mat mimamu/makedra (*)

Hutt dir Loscht mat ärer Klass eng Filmproductioun oder e Videoclip ze realiséieren an d’Schüler/innen virun an hannerun der Kamera an Aktioun ze gesinn?
Dann ass „and…ACTION“  genee dat Richtegt.
En Horrorfilm fir Halloween? Eng Chrëschtdagsgeschicht? En ergänzende Film oder Clip zu engem aktuellen Thema an der Klass? Vläicht awer och e Museksclip oder e Sketch?
Mat „and…ACTION“ léieren d’Kanner schauspillen, Zeene gestalten, Storyboard zeechnen, mat der Kamera filmen, Dialoge schreiwen, sangen, musizéieren, Film-Sounds a villes méi…
Zesumme mat mimamu/makedra gestallten a produzéieren d’Kanner hiren eegene Film oder Clip.
Den Zäitraum vum Projet an d’Zuel vun den Interventiounen  gi sur mesure zesumme mam Enseignant(e) de classe definéiert. mimamu/makedra iwwerhëllt d’Postproduktioun vum jeeweilege Projet.
Fir all weider Informatioune kënnt d’Equipe vu mimamu/makedra bei iech an d’Schoul a presentéiert iech de Projet am Detail.
Umeldung iwwer mimamu-kontakt oder makedra-kontakt.

Record-Day (*)

Hutt dir Loscht e Lidd vu mimamu opzehuelen?
De Record Day erméiglecht eng Opnam an engem professionellen Tounstudio oder  bei iech an der Schoul.
mimamu/makedra encadréiert de Projet vu senger Kreatioun bis hin zum Record Day.
Zum Beispill: Lidd-Opnam, Text-Opnam, „Höhrspiel“-Opnam, …
D‘Opname ginn duerno op mimamu/makedra presentéiert.
Fir mat iech e Record-Day ze organiséieren, kënnt dir ganz einfach iwwer mimamu-kontakt eng Ufro maachen.
Weider Infoen a Fotoe fannt dir op www.mimamu.lu.

 

Hëllefstellung a Schoulen

Feelt et un Iddien, oder un neiem Material fir d‘Musek an den Theater? Braucht dir e Playback, Nouten, eng Karaokeversioun, oder eng Transkriptioun vun engem Lidd?
E Schnuppercours am Theaterberäich, eng Hëllefstellung fir en Theaterstéck? Oder Support bei der Realisatioun vun engem gréisseren Theaterprojet?
Iwwer mimamu-kontakt oder makedra-kontakt hutt dir zu all Moment d’Méiglechkeet iech Hëllef an ärer Schoul ze froen. Dëst ka punktuell sinn, oder eng Begleedung vum Enseignant fir een  definéierten  Zäitraum.

 

Kenns du d’Museksinstrumenter?

Zesumme mat der Musique Militaire Grand-Ducale produzéiert mimamu/makedra « Léiervideoen », déi déi verschidde Blosinstrumenter virstellen. Dës kleng Presentatioune si vu Schoulkanner ausgeschafft ginn. Dëse Projet wäert Enn 2020 opruffbar sinn.

mimamu/makedra wäert och an Zukunft nach weider Filmer zu verschiddenen Themen am Beräich Musek an Theater produzéieren. Schoulklassen, déi intresséiert si fir bei sou engem Projet matzemaachen, kënne sech iwwer mimamu-kontakt oder makedra-kontakt mellen.

 

Neit Material op mimamu/makedra

De Site vu mimamu/makedra gëtt reegelméisseg mat neiem didaktesche Material gefëllt, an ënner News gëtt dëst neit Material annoncéiert.

Op mimamu fannt dir Lidder, ugepasst un d’Joereszäiten a Liene mat Evenementer an Themen. Rhythmik, Bodypercussion, Boomwhackers, Quiz/Rätsel, Musek- an Instrumentespill sou wéi och d‘Lidder sinn zum groussen Deel a Form vu Powerpointpresentatioun a Karaoke-Film duergestallt.
Donieft fannt dir och Material fir besoins spécifiques. Dëst sinn zum Deel Lauschter-, Beweegung-, vereinfacht Sang- a Rhythmik-Aktivitéiten sou wéi adaptéiert Material fir Kanner mat ageschränkter Vue.

Op makedra fannt dir Material fir an der Schoul Theater ze spillen. D’Theaterfichë sinn no
7 Themeberäicher opgedeelt. Dës Theaterfichë kënne fräi no Themeberäich ausgewielt, a jee no Alter an Zäitopwand benotzt ginn. Donieft thematiséieren all d'Theaterfichë verschidden Drama Tools, déi am Glossaire opgelëscht an erkläert ginn,  fir als theaterpädagogesch Kompetenzen iwwergräifend behandelt

Fir weider Informatiounen, kennt der gaeren eis Internetsiten consultéiren :

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu