Actualités

Déi nei Infografik: “L’infrastructure de l’enseignement secondaire au fil du temps”

Infographic
01/10/2020

Am Kader vun den “Journées européennes du Patrimoine au Luxembourg” 2020, déi dëst Joer d’Thema “Patrimoine et éducation – Apprendre pour la vie!” hunn, huet de SCRIPT eng Infografik ausgeschafft. Dësen informative Pouster dréit den Titel: “L’infrastructure de l’enseignement secondaire au fil du temps” a probéiert eng Aféierung an d’Geschicht vun der Edukatioun; an dësem Fall mat engem spezifesche Fokus op d’Entwécklung vun dem enseignement secondaire. Dës zäitlech Entwécklung gëtt unhand vun exemplaresche Schoulgebaier duergeluecht, déi am Laf vun de Jorhonnerten zu Lëtzebuerg gebaut goufen.

D’Infografik probéiert déi grouss Linne an d’Eegenheete vun der gebauter Lëtzebuerger Lycéeswelt nozezeechnen a start am Joer 1815. All Schoulgebai gouf aus engem bestëmmte Grond oder fir e bestëmmten Zweck gebaut, an d’Infografik probéiert dës Entscheedungen, déi ob gesellschaftlechen a politeschen Entwécklunge berouen, illustratoresch z’erklären. Nieft Nozeechnunge vun ausgewielte Schoulgebaier an dozou passenden Erklärungstexter fënnt een op dem Pouster zousätzlech nach ausgewielten Zitater vu Politiker - wéi z. B. vum Nik Welter oder Alphonse Schiltges - an aneren Akteuren aus der Edukatiounswelt, déi déi grouss Entwécklungslinne kontextualiséieren. Esou kann een d’Beispill vun engem Extrait aus dem Gesetz vum 10. Mee 1968 nennen, dat d’Mixitéit am enseignement secondaire festgeluecht huet; d.h. d’Mëschung vu Schülerinnen a Schüler a Gebaier, wat natierlech eng gross Auswierkung op déi ganz Bildungslandschaft hat.

D’Infografik schléisst mat enger Kaart of, déi déi aktuell Schouloffer am Beräich vum enseignement secondaire illustréiert. Donieft fënnt een e QR-Code, deen op en Dokument leet, dat weider Erklärunge liwwert. Hei gëtt virun allem d’Methodik vun dësem Projet erkläert an d’Approche, déi verdäitleche soll, aus wéi engem Grond sech déi ausgewielte Gebaier op dem Pouster erëmfannen. Et ass nämlech evident, datt fir eng ganzheetlech Analys vun der Schoulinfrastruktur aus dem enseignement secondaire all Lycée seng Plaz op der Affiche misst fannen.

Op dëser Plaz kann de Pouster digital erofgeluede ginn; interesséiert Léierpersounen hunn awer och d’Méiglechkeet - esoulaang de Stock et erméiglecht – iwwer secretariat@script.lu d’Affiche a Pabeierversioun ze bestellen.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu