Actualités

Nohalteg Mobilitéit - Strategie

Velo
07/10/2020

Fir eng méi nohalteg Mobilitéit a gesond Beweegung bei de jonke Kanner ze fërderen an hinnen dës Prinzipie méi no ze bréngen huet de SCRIPT eng Strategie entwéckelt, fir bei dësen Ziler ze hëllefen.

Dëst op ënnerschiddlech Aart a Weisen: Säit leschtem Schouljoer existéiert den neie Projet Bicycool, an deem eng SCRIPT-Equipp de Grondschoulen d’Méiglechkeet bitt, Vëlosatelieren z’organiséieren an de Kanner d’Freed, awer och d’Sécherheet um Vëlo méi no ze bréngen.

Nieft dëse prakteschen Ateliere schafft de SCRIPT passend zum Projet neit didaktescht Kaartematerial aus, dat all Léierpersoun d’Méiglechkeet wäert bidden, fir dës Übunge selwer mat de Kanner ze beschaffen.

Am Laf vum Schouljoer gëtt dës nei Sportskëscht offiziell presentéiert, wou nieft dem pädagogesche Projet vum Bicycool, och nach d’Projete vu Clever Move (www.clevermove.lu) a MOBAK (Motorische Basiskompetenzen) mat an d’Vitrinn gestallt ginn.

Dës Initiative reien sech an den nationale GIMB-Aktiounsplang (Gesond iessen, méi bewegen) an.

Nieft dem technesche Volet vum Vëlofueren ass awer och d’Vermëttlung vun der Sécherheet e wichtegen Aspekt. Fir dëse wichtegen Défi unzegoe wäert de SCRIPT mat senge Partner didaktescht Material fir d’Léierpersounen an d’Schülerinnen a Schüler ausschaffen, dat hinnen eng kandgerecht an ugepasste Verkéierserzéiung vermëttelt – dëst fir datt si déi néideg Informatiounen a Kompetenze besëtzen, fir sech sécher am Verkéier ze beweegen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu