Actualités

Missioun Reebou: faarweg Welte bauen

Missioun Reebou
17/03/2021

Am Kader vun der Missioun Reebou geet et drëm, eng Welt ze bauen, an där alles an denger Liblingsfaarf ass.

D’Michelle an d’Zoé hunn ons op eng fantastesch Rees an hir blo a gréng Welt matgeholl. Hir Fotoen si besonnesch kreativ, flott opgestallt a witzeg. D’Ekipp vun Eis gebaute Welt felicitéiert deenen zwee mat engem flotte Präis.

Mir brauchen awer nach méi faarweg Welte fir onse Reebou ze bauen.

Fillt dir iech als Architekt*in, Designer*in oder Kënschtler*in beruff? Da baut och dir eng Welt an ärer Liblingsfaarf a maacht mat bei der Missioun Reebou!

Schéckt ons Är Foto an d’Autorisation parentale (am PDF-Dokument ënnen op der Säit) eran op d’Adress: challenge@script.lu.

Stéchdatum fir d’Auswiel vun de Gewënner ass de 26. Abrëll 2021.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu