Actualités

Phonologesch Bewosstheet mam Sila

Phonologesch Bewosstheet mam Sila
15/03/2021

De Programm Phonologesch Bewosstheet mam Sila ass e wichtege Bausteen fir am Laf vum Cycle 1 vum Enseignement fondamental op d’Liesen- a Schreiweléiere virzebereeden.

Dëst wëssenschaftlech fundéiert Material féiert d’Kanner iwwer d’Lauschteren, de Reim an d’Silb lues a lues och un den Ulaut an de Laut am geschwatene Wuert erun.
De Kontakt mat der Schrëftsprooch gëtt iwwer d’Fro nom Sënn an Zweck vun der Schrëft am Alldag an iwwer d’Entdecke vu sechs ausgewielte Buschtawen op eng spilleresch Aart a Weis mat alle Sënner gesicht.

Am Laf vum zweeten Trimester vum Schouljoer 2020-2021 kritt all Klass vum Cycle 1 eng Material-Këscht zum Programm Phonologesch Bewosstheet mam Sila vum SCRIPT zougestallt. An dëser Këscht fënnt een nieft dem Programm-Classeur mat de grousse Biller-Kaarten  ausserdeem nach di passend Spillkaarten a Buschtaf-Plättercher. D’Sila-Sproochroboter-Handpopp an di hëlzen Erfarungs-Buschtawen dierfen natierlech och net feelen.  

Begleedend zum Programm-Classeur bitt den Internet-Site www.sila.script.lu den einfachen Zougang zum Programm. Dëst zum Beispill a Form vu kuerze Filmsequenzen zu de verschiddene Programmdeeler.
De Sila-Programm gëtt nach completéiert duerch de Lauschterwee mam Sila. No der Fäerdegstellung sinn dës digital Aktivitéite fir d’Fërderung vun der phonologescher Bewosstheet dann och iwwert d’Internet-Säit sila.script.lu zougänglech.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu