Actualités

De Renert nei gelies

De Renert nei gelies
12/05/2021

De SCRIPT schafft säit dësem Schouljoer d’Programmer fir d’Fach Lëtzebuergesch op der 4e an op der Sektioun A aus. An deem Zesummenhang goufe verschidde Wierker vun der Literatur op Lëtzebuergesch erausgewielt, déi an Zukunft Bestanddeel vum Unterrecht solle sinn. Dobäi stellt sech d’Fro no didakteschem a wëssenschaftlechem Begleetmaterial, souwuel fir d’Schülerinnen an d’Schüler wéi och fir d’Léierpersonal.

Dem Michel Rodange säi Renert vun 1872 ass vun engem Programm fir d’Literatursektioun net ewechzedenken. Et handelt sech, mat de Wierder vum Romain Hilgert, ëm déi wichtegst politesch Satir a Lëtzebuerger Sprooch. Allerdéngs bleift de Renert a gewëssen Hisiichten och de Virurteeler vu senger Zäit verbonnen. Dat betrëfft besonnesch d’Bild vun der Fra, dat d’Fuussefabel vermëttelt.

D’Elise Schmit, dat um SCRIPT um Projet vun enger Neieditioun vum Renert speziell fir Schoulklasse bedeelegt ass, huet sech ënnert dem Titel „Mir Männer: D’Fraebild am Michel Rodange sengem Renert (1872)“ mat Sexismus, Misogynie a stereotyppen Duerstellunge vu weibleche Figuren an der Fuussefabel auserneegesat.

D’Roll vun der Fra an der Gesellschaft an an der Konscht gëtt spéitstens mat der Debatt ronderëm den #metoo vu ville Jonke matgedroen. D’Lecture vu literareschen Texter aus dem 19. Joerhonnert bitt domat d’Geleeënheet, fir dëst Theema och iwwert eng Ausernanersetzung mam Renert eraus an der Schoul ze diskutéieren. 

Fir den Text interesséierte Lieserinnen a Lieser vu Luxemburgensia méi no ze bréngen, huet de SCRIPT d’Zesummenaarbecht mat de Cahiers luxembourgeois gesicht. D’Léierpersonal fënnt an dëser Analys eng Upak an dat néidegt literaturgeschichtlecht Wëssen, fir dëst aktuellt Theema an der Klass opzeschaffen. Doriwwer eraus ass dësen Text eng Invitatioun un all Fans vum Renert, dëse beléiften Text vun der Lëtzebuerger Literatur nei ze liesen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu