< retour
Schoultheater muss sech ëmmer iwwer vill Méint oder e ganzt Schouljoer zéien? Et muss all Woch geprouft ginn, fir eppes Flottes op der Bün weisen ze kënnen?
Dës an och aner Virurteeler probéiert de Projet A Play in a Day vun der SCRIPT-Equipe mimamu/makedra ze widderleeën: an engem Dag gëtt en Theaterstéck geschriwwen, geprouft an opgefouert. Ënnert dësem Link fannt dir den ausféierlechen Documentaire vun dësem flotte Projet.
Opgrond vun der Covid-19-Situatioun konnt säit Februar 2020 keen A Play in a Day méi opgefouert ginn. D’Equipe vum SCRIPT hofft erëm am neie Schouljoer vill nei Musek- an Theaterprojeten an de Schoulen organiséieren ze kënnen.
Fir weider Informatioune besicht de Site www.mimamu.lu oder www.makedra.lu an abonéiert d'Newsletter.