Actualités

Webinaire Franséisch an der Schoul: groussen Interessi fir e komplext Thema

Nejron Photo / Shutterstock.com
16/06/2021

Wéi erliewe Schüler a Studenten d’Franséisch-Léieren am Lëtzebuerger Schoulsystem? Wat sinn d’Ufuerderungen un d'Enseignéiere vun dëser Sprooch? A wéi eng Roll spillt d’Franséischt an onser Gesellschaft?

Dës an aner Froe stoungen am Mëttelpunkt vum Webinaire, deen de SCRIPT an de Radio 100,7 de 15. Juni 2021 vu 14h30 bis 16h00 proposéiert hunn. Den Interessi war grouss: bal 730 Enseignanten haten sech ageschriwwen fir nozelauschteren. Dëse Webinaire war vum Institut de formation de l’éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt.

Am Studio waren D’Tonia Raus, Professesch fir Franséisch Literatur an hier Didaktik an Direktesch vun der Franséisch-Filière vum Master en enseignement secondaire op der Université du Luxembourg, d’Christiane Bechtold, Schoulmeeschtesch detachéiert um SCRIPT a Spezialistin fir d’Entwécklung vun didakteschem Material fir Franséisch an der Grondschoul, d’Jessica Walté, Franséisch-Professesch am Lycée des Arts et Métiers (LAM) an Auteure vu franséische Schoulbicher a Programmer fir den Enseignement secondaire an den  Nicolas Palumbo, Conseiller didactique, Formateur fir Franséisch um IFEN a Franséischenseignant am Lycée Nic Biever Dudelange (LNB).

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei Studéierender zu Wuert komm, Spezialiste vun der Didaktik, awer och Expertinnen an Experten, déi zum Beispill iwwer d’Franséisch-Ufuerderungen um Aarbechtsmaart geschwat hunn. D’Nolauschterer konnten hier Froen iwwer Email oder WhatsApp stellen.

Dir hutt d’Emissioun verpasst, géift se awer gären nach emol nolauschteren oder kucken? Hei ass de Link op Vimeo an de Link op Youtube.

D’Emissioun war leider ze kuerz fir all d'Interviewen mat Experte komplett ze bréngen, mee Dir kënnt hei a voller Längt déi 2 Interviewe vun den Experten aus der Sproochendidaktik héieren déi um Konzept an der Ausschaffung vun de neie Materialien am Franséische matgeduecht hunn.

  • Den Interview mam Jean-Louis Chiss, emeritéierte Professer a Sproochwëssenschaften an der Didaktik vum Franséischen op der Université Sorbonne Nouvelle Paris 3, deen sech ënner anerem mat der “Kris” vum Franséische befaasst an och iwwer d’Schwieregkeete vun der Franséisch-Vermëttlung an engem méisproochegen Ëmfeld geschwat huet.
  • Den Interview mam Nancy Morys, Senior Lecturer for language education op der Université du Luxembourg déi ënner anerem tëschent 2016 an 2018 eng qualitativ Etüd iwwer den Enseignement vum Franséischen duerchgefouert huet.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu