Actualités

Neie Projet 'Ouereschlëffer': D'Welt vum Radio besser kenneléieren

Neie Projet 'Ouereschlëffer': D'Welt vum Radio besser kenneléieren
22/12/2022

De Projet 'Ouereschlëffer' ass eng Zesummenaarbecht vum SCRIPT, vum Institut de Formation de l’Éducation nationale (IFEN) a vum Radio ARA fir d’Mediekompetenzen vun de Kanner aus dem Enseignement fondamental ze fërderen.

Fir e Projet 'Ouereschlëffer' mat enger Schoulklass ze realiséieren, geet en Instituteur spécialisé en compétences numériques (I-CN) zesumme mat engem radioerfuerene Mataarbechter vum Radio ARA an/oder dem SCRIPT, an d’Schoulklass an erkläert wat Radio ass, wéi ee Radio mécht, an op wat ee sollt oppassen.

Dono gëtt en Theema festgeluecht an d’Klass kritt den Optrag, fir hire Radioreportage virzebereeden. An enger zweeter Phas gëtt opgeholl, geschnidden a montéiert, an am Fall vun engem 'groussen Ouereschlëffer' gëtt dono eng Visitt am Studio vum Radio ARA gemaach, wou déi Jonk selwer kënnen am Studio ophuelen.

D’Realisatiounen, déi am Kader vum 'klengen Ouereschlëffer' oder dem 'groussen Ouereschlëffer' entstinn, ginn um Radio ARA gesent a stinn dono als Podcast weider um Site www.ara.lu.

Wat léiert ee konkret alles bei dësem Projet?

Mam 'Ouereschlëffer' gi verschidde Kompetenze geschoult, wéi d’Recherche no Informatiounen, d’Verschaffe vun Informatiounen an Daten, an d’Kommunikatioun vun deem, wat ee recherchéiert huet. Dëst setzt viraus, dass een driwwer nodenkt, wat ee wëllt um Radio vermëttelen, wien ee wëll uschwätzen a wéi een seng Informatioun eriwwerbréngt. Donieft muss ee sech trauen ze schwätzen, mee sech och bewosst sinn, dass vill Leit kënnen héiere wat ee seet an sech doweinst kloer an ugemiess ausdrécken.

Am Fall vun Interviewe léiert een e Froekatalog opzestellen, en Interviewpartner fannen, en Interview féieren an deen dono digital verschaffen, fir dass en um Enn kann um Radio gesent ginn.

Méi Informatiounen: nathalie.bender@men.lu

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu