Actualités

Webinaire um radio 100,7 iwwert d'Kannerrechter an der Schoul

Webinaire um radio 100,7 iwwert d'Kannerrechter an der Schoul
02/02/2023

Wat sinn de Kanner hir Rechter an der Schoul? Wéi kann een hinnen dës Rechter vu Klengem un mat op de Wee ginn? A wéi verännert sech d’Wouerhuele vun de Rechter mam Alter? Wat muss ech als Joffer oder Schoulmeeschter respektiv als Léierkraaft am Lycée beuechten? Wéi kann ech Kanner an hirem Recht ënnerstëtzen? Wéini muss ech aktiv ginn?

Dës an aner Froe ware Bestanddeel vum Webinaire 'Kannerrechter an der Schoul- Participatioun, Schutz a Fërderung' vum SCRIPT den Dënschdeg, 31. Januar 2023 um radio 100,7.

Ronderëm den Dësch am grousse Studio souzen d’Marguerite Krier, Chef vum Service des droits de l‘enfant, d’Michèle Bressanutti, Directrice vum Office national de l’enfance, d’Michèle Schilt, Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), an de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

Gëtt et 30 Joer nodeems Lëtzebuerg d’Kannerrechtskonventioun ratifizéiert huet eng aner, méi kannerfrëndlech Siicht op d’Rechter vum Kand? Wéi soll ech mech als Léierkraaft verhalen, wann ech de Verdacht hunn, dass e Kand net gutt behandelt gëtt? Wou sinn Ulafplazen fir Rot an Hëllef? Wou léieren ech Kannerrechter richteg ze vermëttelen?

Vun dëse Froen iwwer en 'child protection Officer' bis bei Informatiounsmaterial hunn déi véier Gäscht am Studio mat der Moderatrice Natasha Ehrmann geschwat. Donieft goufen et Iddien a Constate vu Schülerinnen a Schüler, Léierpersonal a Fräiwëllegen, déi sech am Déngscht vun de Kanner- a Jugendrechter engagéieren.

Iwwer 1.700 Léierpersounen haten sech fir dës Formatioun a Form vun engem online Webinaire ageschriwwen. Wien d’Gespréich nach eemol wëllt héieren a gesi kann dat iwwer dëse Link maachen.

Weider Informatioune fënnt een och hei:

Den nächste Webinaire gëtt da sportlech: reservéiert Iech den Datum vum 21. Mäerz 2023.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu