Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum véierte CoLab-Workshop ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum véierte CoLab-Workshop ass online
08/03/2023

De véierte CoLab-Workshop 'Evaluéieren am Fondamental' huet de 6. Oktober 2022 en présentiel um eduPôle Walferdange an den 11. Oktober 2022 online iwwer Teams stattfonnt.

Ronn 130 Participanten aus dem Bildungsberäich hunn a véier verschiddenen Atelieren iwwert ënnerschiddlech Aspekter vun der Evaluatioun am Fondamental diskutéiert, dëst am Kader vum 'Projet Plan d’études 2025'.

De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi zukünfteg Rapporte wäerten eng essentiel Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu