Actualités

Webinaire um radio 100,7: Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul

Webinaire um radio 100,7: Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul
01/03/2023

De Webinaire 'Vun ChatGPT iwwer Google Mega-Donnéeë bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul' geet dënschdes, den 21. Mäerz 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.

De Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) organiséiert. De Webinaire gëtt och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.

“Schreifs de nach selwer oder benotz de ChatGPT?”, dee Saz kann een haut schonn um Schoulhaff héieren.

Spéitstens zanter der Publikatioun vun der leschter Versioun vu ChatGPT duerch d’Firma Open AI am November 2022 ass Kënschtlech Intelligenz an der Bildung en Theema, dat een net ignoréiere kann. War d’Resultat vum Chatbot am Ufank vläicht nach mëttelméisseg, sou huet sech bannent kierzter Zäit hei eng Weiderentwécklung gedoen déi ganz vill Froen opwerft:

  • Wéi ginn ech ëm mat der Tatsaach, dass en Aufsatz vläicht vun enger AI geschriwwe gouf? Kann ech iwwerhaapt erausfannen, ob d’Schülerin/de Schüler oder d’Studentin/deStudent selwer en Text erstallt huet, oder ob en dee méi séieren an einfache Wee gewielt huet? Muss ech dat iwwerhaapt erausfannen? A wéi bewäerten ech eng Aarbecht vun där ech guer net méi weess, ob et eng Eegeleeschtung vun engem Mënsch oder d’Aarbecht vun engem Bot war?
  • Firwat reegt grad ChatGPT esou op?
  • Wat sinn aner AI-baséiert Applikatiounen, déi haut schonn an der Schoul genotzt ginn?
  • Wéi ka Léierpersonal AI positiv notzen, an domat Aarbechten automatiséieren, fir op där aner Säit méi Zäit ze kréien sech perséinlech ëm d’Weiderentwécklung vun de Schülerinne/Schüler ze këmmeren?
  • Wat sinn ethesch Froen déi musse gestallt ginn: wien fiddert Datebanken op déi AI zeréckgräift woumat, a wat geschitt wann e Bot wéi ChatGPT payant gëtt?

 

Mat ronderëm den Dësch fir dëse Webinaire iwwer Artifiziell Intelligenz sëtzen:

  • d’Daniela Hau, Responsable de Division beim SCRIPT, zoustänneg fir Innovatiounen an der Schoul; d’Daniela Hau interesséiert sech schonns laang fir de Beräich vun der Artifizieller Intelligenz, schafft an nationalen an internationale Projeten zum Sujet mat an huet am SCRIPT ënnert anerem de 'Medienkompass' mat entwéckelt
  • de Fabrice Roth, den Direkter vum Lycée des Arts et Métiers (LAM) an engem Future Hub, wou e staarken Accent op Digitaliséierung geluecht gëtt a wou och Artifiziell Intelligenz e wichtegt Theema ass
  • de Lukas Held, Philosophieprofesser am Lycée de garçons Luxembourg (LGL) a Formateur um IFEN
  • de Prof.Dr. Till Dembeck, Associate Professor op der Université du Luxembourg, Leeder vum Institut für deutsche Sprache, Literatur und für Interkulturalität

Mat weideren Aussoe vun Expertinnen/Experten, Schülerinnen/Schüler an interesséierte Bierger probéiere mer en Grondverstoe vun de Méiglechkeeten, déi d’AI bitt, ze vermëttelen.

De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Et kann ee sech iwwer dëse Link umellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu