Actualités

D’YEP-Schoulfoire

D’YEP-Schoulfoire
19/04/2023

'D’YEP-Schoulfoire' gëtt vum 24. bis de 26. Abrëll 2023 an der Luxexpo vum MENJE an Zesummenaarbecht mat dem SCRIPT, dem Service de la Formation professionnelle (SFP) an der Maison de l'orientation organiséiert.

De SCRIPT ass responsabel fir d’Aktivitéiten an der Hall 7, wou interaktiv Atelieren a Shows fir d’Kasse vum Cycle 4 stattfannen.

 

U ween riicht sech 'D’YEP-Schoulfoire'?

'D’YEP-Schoulfoire' riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an aus dem Enseignement secondaire. Si ass awer och fir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun bestëmmt.

Méindes a mëttwochs ass d’Schoulfoire exklusiv fir Schoulklassen op, dënschdes, ass si de ganzen Dag och fir all aner Visiteuren zougänglech.

Privatpersounen, Gruppe vu Maison Relaisen oder Jugendhaiser mussen sech net umellen. Den Entrée ass gratis.

 

Wat gëtt op der 'D’YEP-Schoulfoire' ugebueden?

Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2, verdeelt op dräi Halen, dréint sech 'D’YEP-Schoulfoire' ëm fënnef Pilieren:

  • de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer (Hall 8): D’Mataarbechter vum MENJE a vun der Maison de l’orientation a äntweren iwwer e Guichet unique op all Fro, déi de Public zur schoulescher a professioneller Orientéierung kann hunn.
  • d’Lëtzebuerger Lycéeën (Hall 8 & 9):  All d’Lëtzebuerger Lycéeë sinn an der Luxexpo vertrueden, si sinn de Regiounen no gruppéiert. Op eng aktiv an interaktiv Aart a Weis presentéiere si sech de Visiteuren a freeë sech, fir hir Spezifizitéiten, hir schoulesch a sproochlech Offeren an och hir Projeten an de Vierdergrond ze stellen.
  • déi néng Formatiounswelten (Hall 8 & 9):  Déi Lëtzebuerger schoulesch Offer ass immens villfälteg an passt sech un d’Besoine vun der Gesellschaft vum 21. Joerhonnert un. Si proposéiert Formatiounen a sämtlechen Aktivitéitsberäicher, sief et berufflech Formatiounen oder Formatioune vum Enseignement secondaire classique a général.
    Si ass an 9 Formatiounswelten organiséiert: Bauen, plangen a gestalten / Natur an Ëmwelt / Tourismus, Gastronomie an Hotellerie / Industrie a Mechanik / Wëssenschaft, Technologie an Informatik / Gesondheet an Ästheetik / Ekonomie, Finanzen a Verkaf / Konscht, Kultur a Sproochen / Schoul, Educatioun a Gesellschaft
  • de 'Léierplazendag' (Hall 9 op der Bühn): A Kollaboratioun mat der Adem, RTL an de Beruffschambere gëtt méindes, de 24. Abrëll 2023, de 'Léierplazendag' am Kader vun der 'D'YEP-Schoulfoire' organiséiert. De 'Léierplazendag' erméiglecht all Jonkem, deen op der Sich no senger éischter Léierplaz ass, an all Erwuessenem, deen eng Ausbildung maache wëll – och iwwert d’Grenzen eraus – fir a Kontakt mat Lëtzebuerger Entreprisen ze trieden.
     
  • d’Atelieren an d’Showen (Hall 7): An der Hal 7 vun der Luxexpo, déi vum SCRIPT geréiert gëtt, wäerten an den dräi Deeg vun der Foire méi wéi 500 pedagogesch Entdeckungsateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 an aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen organiséiert ginn. Dës Atelieren erméiglechen hinnen, fir hir verstoppten Talenter ze entdecken a verschidde Schoultheemen nach besser kennen ze léieren.
    D’Atelieren dréinen sech ëm véier Thematiken: Kreativitéit a Kommunikatioun / Coding a Problemléisung / Sciencen / Outdoorpedagogik a Beweegung

 

All d’Informatiounen iwwert 'D’YEP-Schoulfoire' ginn et um Internetsite www.schoulfoire.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu