Actualités

Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!

Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!
10/07/2023

All Kand huet d’Recht, viru Gewalt an all hire Forme geschützt ze ginn, esou steet et am Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun.

D’Schoul spillt eng primordial Roll, wann et dorëms geet, fir d’Kanner fréi genuch a reegelméisseg ze stäerken an ze sensibiliséieren,  fir datt si léieren, iwwert hir eege Kierpergrenzen ze bestëmmen. Dës positiv Approche ass schlussendlech déi bescht Präventioun géint physeschen, psychologeschen a sexuelle Mëssbrauch.

De Präventiouns-Projet ‘Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!’ gouf am Joer 2022 vum SCRIPT op d’Been gestallt fir géint physesch, psychesch a sexualiséiert Gewalt géint Kanner ze kämpfen.

De Projet gouf no zwou Pilotphasen a 14 Klassen (Juli an Oktober 2022) lancéiert. Wärend dem Schouljoer 2022-2023 hunn 52 Klassen (ëm déi 830 Schülerinnen a Schüler) aus de Cyclen 2 bis 4 vum Enseignement fondamental aus sechs Regionaldirektiounen vun dësem Projet profitéiert.

De Projet baséiert op sechs Prinzippien:

  1. Mäi Kierper gehéiert mir!
  2. Ech ënnerscheeden tëscht gudden, schlechten a komesche Beréierungen.
  3. Ech vertraue menge Gefiller.
  4. Ech däerf Nee soen!
  5. Ech ënnerscheeden tëscht gudden a schlechte Geheimnisser.
  6. Ech däerf a soll mir Hëllef siche goen.

Oflaf vum Atelier

Dës sechs Prinzippie gi mat Hëllef vun Aarbechtsblieder, Lidder an Theateraktivitéiten, entweder eenzel oder am Grupp, thematiséiert. D’Museks- an Theaterelementer goufen an Zesummenaarbecht mat der Equipe vun de SCRIPT-Projete ‘mimamu (Mir maache Musek)’ a ‘makedra (Maach (k)een Drama)’ entwéckelt.

Virun der Visitt an der Klass kritt den Enseignant/ d’Enseignante den Dossier pédagogique geschéckt an et fënnt e Virgespréicht statt.

Den Atelier gëtt zesumme mam Enseignant/ der Enseignante gehalen an dauert fir d’Klassen aus dem Cycle 2 maximum 2h30 a fir d’Klassen aus de Cyclen 3 bis 4 maximum 3h30. D’Eltere kréien am Viraus en Informatiounsbréif.

Ab der Rentrée 2023-2024 wäert den Atelier erëm zwee mol d’Woch an de Cyclen 2 bis 4 stattfannen. Fir eng Visitt ze organiséieren, kann een sech mëllen ënner: mary.faltz@men.lu.

Pedagogescht Material

En Dossier pédagogique mat jeeweils 24 Aktivitéiten an zwou Altersgruppen (Cycle 2 a Cyclen 3 bis 4) wäert am Laf vum éischten Trimester 2023-2024 disponibel sinn. Den Enseignant/ d’Enseignante kann deen dann och um Bon de commande 2023-2024 vum MENJE bestellen.

Dobäi kënnt nach pedagogescht Begleetmaterial fir d’Kanner aus dem Cycle 3 a Form vun der Geschicht ‘A wien ass dann hei de Chef?’. Dëst wäert vun der Rentrée 2023-2024 un op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch ze kréie sinn a kann iwwert de Bon de commande bestallt ginn.

D’pedagogescht Material vun dësem Projet ass och ënnert dësem Link op heydoo.lu ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu