Actualités

Pilotprojet ‘Passerelle GSO – 1SGED/1SGEA’: Den Evaluatiounsrapport ass verëffentlecht

Pilotprojet ‘Passerelle GSO – 1SGED/1SGEA’: Den Evaluatiounsrapport ass verëffentlecht
05/05/2023

Mat der Rentrée 2021-2022 gouf de Pilotprojet ‘Passerelle’ lancéiert, duerch deen Diploméierter vun der 1GSO (section Sciences sociales aus dem Enseignement secondaire général) Accès op d’Terminale vun der Educateurssectioun kréien.

D’Passerelle leeft aktuell an hirem zweete Joer, an d’Schülerinnen a Schüler kënnen dëse Wee entweder a Vollzäit am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) oder beruffsbegleedend an der École nationale pour adultes (ENAD) aschloen.

 

Evaluationsrapport Pilotprojet Passerelle GSO – 1SGED/1SGEA'

Tëschent September 2021 a Mäerz 2023 hunn zwou SCRIPT-Divisiounen, d’Division du développement du Curriculum an d’Division du traitement de données sur la qualité de l’encadrement et de l’offre scolaire et éducative, de Projet begleet an evaluéiert, fir esou e Rapport iwwer dësen neie Formatiounswee ze realiséieren.

D’Evaluatioun baséiert sech zum engen op Questionnairen an Entretiene mat de Schülerinnen a Schüler, dem Personal an den Direktioune vun de respektive Schoulen, déi esou zu hirem Erliewe vun der regulärer Educateursformatioun a vun der neier Offer 'Passerelle' befrot gi sinn.

Zum anere gouf parallel heizou a sechs Ateliere mat Vertriederinnen a Vertrieder vun de verschiddenen Interessegemeinschaften (Schoulen, Gewerkschaften, Verbänn an Employeuren) iwwer verschidde Sujete ronderëm d’Educateursausbildung diskutéiert. An den Ateliere goufen och méiglech Piste fir eng Weiderentwécklung vun der Passerelle opgewisen.

De Rapport, deen doraus entstanen ass, beliicht d’Stäerkten an d’Schwächte vum Projet aus deene verschiddene Perspektiven.

 

Resultater vum Evaluatiounsrapport

Den 2. Mee 2023 huet den Här Minister Claude Meisch an der Chamber am Kader vun enger Froestonn un d’Regierung d’Resultater aus der Evaluatioun resüméiert an annoncéiert, dass d’Formatioun 'Passerelle' och weider als zousätzlech Offer wäert bestoe bleiwen.

A senger Äntwert sträicht den Här Minister ervir, datt keng wesentlech Ënnerscheeder tëschent den zwou Schülergruppe festzestelle sinn, wat d’Ofbriechen oder d’Reussite ugeet. En Ënnerscheed konnt awer bei der Satisfaktioun festgestallt ginn. Hei weisen sech d’Schülerinnen a Schüler vun der Passerelle méi zefridde mat hirer Ausbildung wéi déi vun der traditioneller Formatioun.

Eng vun de gréisste Suerge vis-à-vis vun dëser Formatioun war, datt d’Schülerinnen an d’Schüler de Wee iwwer d’Sectioun GSO méi attraktiv géife fanne wéi den traditionelle Formatiounswee. Dëst huet sech awer an den entspriechende Questionnairen op de GSO-Klassen net confirméiert. Iwwer zwee Drëttel vun de Schülerinnen a Schüler hunn do ënnerstrach, datt si d’Sectioun GSO gewielt hunn, fir duerno weider studéiere kënnen ze goen. Nëmme 5 % hunn uginn, datt de Wee an d’Formatioun vum Educateur fir si eventuell a Fro kéimen.

 

Kriticken a Verbesserugsvirschléi

Am Kader vun dëser Evaluatioun ginn et awer eng Partie Kriticken, déi ënner anerem vun Enseignanteën an Enseignantë genannt gi sinn, zum Beispill dass dat didaktescht Material nach net ugepasst wier an dass um Programm soll weider geschafft ginn. Dës Kriticke ginn och duerch eng onofhängeg wëssenschaftlech Evaluatioun am LTPES vun der Hochschule Koblenz bestätegt. An hirem Evaluatiounsrapport huet d'Prof. Dr. Veronika Verbeek zum Beispill festgehalen, datt sollen Adaptatioune vum Programm gemaach ginn. Fir d’Schouljoer 2022-2023 goufen och schonn esou Adaptatioune virgeholl. An dëser Evaluatioun ass awer och festgestallt ginn, datt d’Léiergruppen insgesamt homogen waren.

Eng Recommandatioun vun der Prof. Dr. Verbeek ass awer, datt d’Schülerinnen a Schüler am Virfeld zousätzlech Stagë solle gemaach hunn, éier si den Diplom vum Educateur ustriewen. Dëst ass scho beim leschte Rekrutement fir 2022-2023 ëmgesat ginn.

Weider gëtt och recommandéiert, datt duerch Entretiene mat de Kandidatinnen a Kandidate méi op d’Motiver fir hire Formatiounschoix soll agaange ginn, fir e méiglecht Ofbrieche kënnen ze evitéieren.

De Ministère huet op d’Resultater vun dësen Evaluatiounen hin decidéiert, datt d’Passerelle weidergefouert gëtt, d’Kriticken awer eescht geholl ginn a weider Adaptatioune wäerte gemaach ginn.

 

Dokumenter

Fir weider Detailer sti folgend Dokumenter zur Verfügung:

  • de gesamten Evaluatiounsrapport vum SCRIPT an däitscher Sprooch ('Evaluationsbericht')
  • eng Zesummefaassung mat den zentralen Ergebnisser a franséischer Sprooch ('Synthèse du rapport d'évaluation')
  • den onofhängege Rapport vun der Prof. Dr. Veronika Verbeek fir den LTPES an däitscher Sprooch ('Rapport LTPES')
  • den onofhängege Rapport d'étude vum Patrick Picard 'Le cas de la formation SGEA-SO-Éducateurs à l’ENAD Luxembourg' (publizéiert de 16. Juni 2023)

 

De SCRIPT seet op dësem Wee nach eng Kéier allen un dësem Projet Bedeelegte Merci fir déi wäertvoll Zesummenaarbecht.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu