Actualités

Artifiziell Intelligenz an der Educatioun

Artifiziell Intelligenz an der Educatioun
06/06/2023

De 6. Juni 2023 koum eng Delegatioun vu bildungspoliteschen Entscheedungsträger mat Vertrieder vun der OECD zesummen, fir gemeinsam ze kucken, wéi en Impakt d’Artifiziell Intelligenz op Bildungssystemer an och op d’Aarbechtswelt wäerten hunn.

De Stuart Elliott, e senior analyst vun der OECD, fuerscht säit Joren um Sujet a leet ënner anerem de Projet 'AI and the Future of Skills', an deems et drëms geet, e Verständnis dofir ze entwéckelen, wat d’Artifiziell Intelligenz haut schonn alles kann, an doriwwer eraus Prognosen ze maachen, wat dës Technologie muer alles wäert kënnen. Dëst erméiglecht et, dass de Bildungssystem sech op dës Entwécklunge virbereede kann a bildungspolitesch Entscheedungen anticipéiert ginn. An der Reunioun huet de Stuart Elliott de Projet kuerz virgestallt, am Uschloss goufen di dréngendst Froen diskutéiert, sou datt d’OECD hire Projet op déi real Besoine vun de Memberlänner upasse kann.

Zanter Laangem stellt och de SCRIPT sech de Froen, wéi eng Auswierkungen d’Artifiziell Intelligenz op d’Léieren an op d’Bildung am Allgemengen huet, dëst z.B. a Projete wéi dem 'AI4T (Artificial Intelligence for and by teachers)', der Schafung vum Fach 'Digital Sciences', wou e ganzen Axe sech mat der Fro vun Artifizieller Intelligenz befaasst.

De rezente SCRIPT-Webinaire 'Vun ChatGPT iwwer Google Mega-Donnéeë bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul', kann een och ënnert dësem Link nolauschteren.

Lëtzebuerg huet säit 2019 och eng national Strategie fir den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz, déi een ënnert dësem Link noliesen an erofluede kann.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu