Actualités

Den IKI an ech: Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

Den IKI an ech: Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg
06/06/2023

Den immaterielle Kulturierwen ass en Deel vun der Identitéit vun onsem Land. Mä wéi een immaterielle Kulturierwen hu mir zu Lëtzebuerg a firwat ass et wichteg, en ze kennen an ze fleegen?

Dës Froe ginn an der Filmserie mat didakteschem Begleetmaterial 'Den IKI an ech: Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg' behandelt, déi de SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Kulturministère entwéckelt huet.

Fir all Kulturierwe gëtt e Film produzéiert. D’Begleetmaterial besteet aus engem interaktive PDF deen, jee no Sujet, a ville Fächer kann integréiert ginn.     

Den éischte Film befaasst sech mat der Konscht vum Baue vun Dréchemaueren, déi vill vun onse Landschaften am Norde vum Land an op der Musel kennzeechent.

De Film an d’Begleetmaterial (op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch) fënnt een ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu