< retour
Déi 9. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 11. Oktober um 8:00 Auer bis den 13. Oktober 2023 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 2.005 Schüler aus 267 Klasse matgemaach an insgesamt 2.515 Stonne Kapprechnunge geléist.
145.937 Stären a 44.572 Medaile goufen am Ganze gesammelt!
All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/ Wochen hir Cadeaue per Post.
Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:
Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.
Dësen Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.