< back
Am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025' siche mir Léierpersonal, wat ab dem Schouljoer 2024-2025 an Aarbechtsgruppen oder als Mataarbechter an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung wëll matwierken.
D’Mataarbechter vun der Divisioun fir Curriculumsentwécklung schaffen aktiv un de Léierprogressiounen, un obligatoreschen a fakultativen Inhalter, un der Optimiséierung vun Evaluatioun, Kommunikatioun a Weideres vum neie Plan d’études 2025. Déi Elementer, déi am Whitepaper ugerass goufen, ginn op verschiddenen Niveauen integréiert.
D’Aarbechtsgruppen ënnerstëtzen dëse Prozess. Si deelen hir Expertis an ënnerschiddleche Beräicher, ginn Input a Feedback zu verschiddenen Elementer, a schaffe Proposen aus.
Dir sidd interesséiert, fir entweder an enger Aarbechtsgrupp oder fir an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung matzeschaffen?