< retour
D'Equipe vu MathemaTIC ass houfreg matzedeelen, datt den neie Module Transformations fir den Enseignement secondaire dës Woch online gaangen ass an am Moment op Franséisch an Englesch disponibel ass. D'Schüler kënnen déi verschiddensten Transformatiounen, wéi Translatiounen, Rotatiounen a Symmetrien an interaktiven Items entdecken. Assistenz-Tools bidden de Schüler déi néideg Hëllefsstellung bei all Item.
Am Laf vun den nächste Woche kommen nach Däitsch a Portugisesch dobäi.
Vill Spaass beim Entdecke vu dësem neie Module.