< retour
De pädagogeschen Atelier Wou kommen d’Puppelcher hier? gëtt säit enger Rei Joren an de Schoule vum enseignement fondamental vu Schoulhiewanen ugebueden; am Partneriat vum SCRIPT.
Opgrond vun der Covid-19-bedéngter Verkierzung vum Schouljoer 2019-20 konnte vill geplangten Ateilieren net stattfannen, esou datt en Deel vun de 45 ugeduechte Seancen hu missen annuléiert ginn.
Och am Schouljoer 2020-21 probéiert de SCRIPT mat dëse kandgerechten Ateleieren, déi an der Reegel tëscht 3 a 4 Stonnen daueren, wichteg Thematiken ofzedecken.
D’Theme vun den Ateliere ginn dem Alter vun de Kanner ugepasst, esou datt Klassen vun C1-C4 vun dëser Offer profitéiere kënnen. D’Präsenz vun der Léierpersoun ass obligatoresch. Wa Schoulklassen interesséiert sinn, da kënne si sech op schoulhiewan@gmail mellen.